Prezis, schnell, a sécher ResultaterCHEM kritt Certificat vun der däitscher Röntgegesellschaft  

Julie Thilges
Häerzkrankheete sinn nach ëmmer déi heefegst Doudesursaach. Grad preventiv Untersuchungen si wichteg, fir fréizäiteg kënnen ze behandelen.
CHEM kritt Certificat vun der däitscher Röntgegesellschaft  
Häerzkrankheete sinn nach ëmmer déi heefegst Doudesursaach. Grad preventiv Untersuchungen si wichteg, fir fréizäiteg kënnen ze behandelen.

De CHEM gouf elo als éischt Spidol zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun als Referenzzenter zertifiéiert, dat well d’Qualitéit, d’Securitéit, an d’Expertise médicale vun den Häerzbiller dem héchste Standard entspriechen.

Et wier eng Unerkennung an e staarkt Signal no baussen, e Qualitéitsstempel; dee verweist op eng gutt Zesummenaarbecht vun all de Mataarbechter am CHEM, an d’Häerzbiller selwer vu Scanner an IRM. Virun allem fir de Patient wier dësen Zertifikat wichteg, erkläert de Radiolog Dr. Georges Weyrich: “Dat wichtegst ass, dass de Patient am Mëttelpunkt bleift. Dass de Patient am Fong ëmmer d’Garantie huet, dass hie seng Biller vum Häerz, ob dat am Scanner oder an der Résonance ass, dass hien déi op engem ganz héijen Niveau gemaach kritt. Dass mir eis vergläiche loossen, dass mir eis kontrolléiere loossen, ech mengen dat ass fir de Patient wichteg an den nächste Joren, dass en ëmmer méi Garantie kritt, dass et transparent ass, an dass et qualitativ héichwäerteg ass.” Et géing drëms, präzis, séier, a sécher Resultater ze liwweren, an dass de Patient sech op d’Dokteren an d’Untersuchunge ka verloossen.

Den Zertifikat ass keng Momentopnam; laang gëtt d’Aarbecht an d’Ekipp kontrolléiert. Fënnef Joer ass e gülteg, och dono kommen ëmmer Kontrollen no, an no e puer Joer mussen si Resultater weisen, esou den Dr. Georges Weyrich: “Et geet erëm eng Kéier drëm: Wéi hunn d’Dokteren sech weidergebilt? Wéi vill Untersuchungen hues du gemaach?” Déi däitsch Röntgegesellschaft géif sech anonymiséiert Stéchprouwen eraushuelen, an déi kontrolléieren. “Dofir mengen ech, dass déi Rezertifikatioune genee esou wichteg sinn ewéi d’Zertifikatioun, et geet am Fong dorëmmer, fir d’Motivatioun vun enger Ekipp héisch ze halen, et geet dorëmmer, fir ëmmer déi selwecht Qualitéit ze bréngen.”

Donieft huet de CHEM virun e puer Joer e Gesamtqualitéitslabel kritt. Et misst nämlech op en neit Spidolsmodell higeschafft ginn, bei deem Qualitéit kontrolléierbar a garantéiert ass, a Standarden héisch sinn an et och bleiwen. D’Radiologie misst sech dowéinst och ëmmer erëm weiderentwéckelen; scho jorelaang schaffen si mat enger Kënschtlecher Intelligenz, déi d’Qualitéit vun de Biller nach verbessert.

Zwou ënnerschiddlech Untersuchungen

Virun allem Preventioun wier wichteg, bei där haaptsächlech Risiko-Patienten ënnersicht ginn. Zum Beispill déi mat héijem Bluttdrock, héijem Cholesterol, an och déi, déi reegelméisseg fëmmen. Den IRM an de Scanner sinn zwee medezinesch Verfaren, déi sech ergänzen an zwee verschidde Blécker op d’Häerz erméiglechen. De Valentin Vanvinckenroye, Chef de service vun der Radiologie am CHEM erkläert: “En scanner, vu qu’on étudie les artères, on va regarder tout ce qui est sténose et éventuellement rechercher les artères qui sont bouchées ou on aura un début d’occlusion, pour éventuellement réorienter après le patient sur des traitements alors invasifs. Et en IRM, on va étudier la fonctionnalité du cœur et aussi l’état du muscle, rechercher éventuellement une myocardite, ce genre de choses, par contre qu’on verra pas au scanner.”

Zejoert goufen 2.500 Patienten am Scanner ënnersicht, an 300 am IRM. Dat ass ofhängeg dovun, wat muss gekuckt ginn. De Scanner dauert och manner laang, ewéi den IRM.

Back to Top
CIM LOGO