
D'Police krut e Samschdeg de Moie géint 11.15 Auer gemellt, datt tëschent Maarnech a Clierf en Auto am Zickzack ënnerwee wier. Eng Patrull huet de Chauffer mat sengem Won dunn zu Clierf an der Baaschtnecher Strooss opgedriwwen.
Den Alkoholtest war positiv an de Mann huet säi Führerschäin nach op der Plaz missen ofginn.
Hie war schonn eng Kéier wéinst Alkohol hannert dem Steierrad protokolléiert ginn, dowéinst huet de Parquet ordonéiert, datt den Auto beschlagnaamt gëtt.
Och d'Abriecher hunn et a Corona-Zäiten net einfach. E Mann hat sech e Samschdeg de Mëtteg zu Diddeleng Zougank zu engem Haus verschaaft, mä d'Leit, déi do wunnen, waren doheem.
Si hunn d'Police geruff an déi huet e Rucksak mat allméigleche Saache fonnt, déi den Abriecher schonn dorëmmer matgoe gelooss huet.
Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum e Sonndeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.