Rue de Clausen an der StadChauffer rennt an Auto a mécht sech duerch d'Bascht

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend um 23.30 Auer ass een Autoschauffer mat sengem Gefier an een aneren Auto gerannt, deen um Bord vun der Strooss geparkt war.
© RTL-Archivbild

Duerch den Impakt vum Accident goufen awer och nach 2 aner Autoe beschiedegt. D'Strooss a Richtung Findel war och zum Deel blockéiert. De Chauffeur ass einfach fortgelaf a konnt och duerno net méi vun der Police fonnt ginn. D'Enquête leeft.

Een anere Chauffeur war dann e Sonndeg den Owend opgefall, well hien an der Offaart Mamer/Capellen vun der A6 op eemol stoe bliwwe war an de Réckgang ageluecht hat. Dobäi ass en emol direkt an d'Leitplanke gerannt. Kuerz duerno schéngen aner Chauffeuren dem Mann de Schlëssel ofgeholl an d'Police informéiert ze hunn. Wéi d'Beamten ukoumen, war de Mann gemittlech um schlofen. Schonn ouni Test hätt een däitlech Unzeeche vun ze héijem Alkoholkonsum festgestallt. Nom Test krut de Mann de Permis nach op der Plaz ofgeholl. Well dëst net déi éischte Kéier war, dass de Mann sech esou eng Aktioun geleescht huet, krut hien och nach säi Gefier beschlagnaamt. An et gouf eng Plainte gemaach.

Back to Top
CIM LOGO