D'Luxembourg Event Association (LEA) gouf am Mee 2020, matten an der Pandemie, gegrënnt a vertrëtt mëttlerweil ronn 85 Entreprisen aus dem Lëtzebuerger Eventsecteur. Hire President war e Mëttwochmoien eisen Invité vun der Redaktioun. De Charles Schroeder erkläert, dass ongeféier 1.500 Leit fest am Secteur schaffen an zesumme mat Extraen, déi ëmmer Mol erëm hëllefe bei Eventer, wieren et bis zu 3.000 Persounen. An der LEA sinn ënner anerem Event-Agencen, Traiteuren, Stand-Constructeuren, Dekorateuren, Technik-Firmen oder Locatiounsfirme vertrueden.
De President vun der Luxembourg Event Association, de Charles Schroeder war e Mëttwoch eisen Invité vun der Redaktioun
Mat enger neier Campagne wëll d'LEA ënnersträichen, dass den Event-Secteur vill méi ass wéi just Concerten a Partien. 2024 goufen zu Lëtzebuerg iwwer 9.000 professionell Eventer organiséiert, also bal 25 den Dag. Op deenen Evenementer ware bal eng Millioun Gäscht an déi hu bis zu 650.000 Nuitéeë generéiert: "Do gesäit een, dass den Event-Secteur, dee bréngt Business-Tourismus an d'Land, dee bréngt Aarbecht an d'Hotellerie an d'Gastronomie, an de Commerce bis zu den Taxien. An dofir, mengen ech, huet den Evenementiel e groussen Impakt op d'Lëtzebuerger Wirtschaft."
Lëtzebuerg wier zwar an de leschte Joren duerch nei Infrastrukture besser opgestallt ginn, mee verschidde Gebaier, virun allem d'Foire-Infrastruktur, also d'LuxExpo wier an d'Jore komm. D'LEA rifft d'Regierung dofir dozou op, an eng modern Kongress- an Event-Infrastruktur ze investéieren, fir Lëtzebuerg als international Business- a Kongress-Destinatioun weider ze stäerken. "En Appell un d'Regierung vun eiser Säit, dass do wierklech duerno gekuckt gëtt, well eng grouss Kongresshal zu Lëtzebuerg ze hunn, dat ass absolutt wichteg."
Iwwerall ginn d'Käschten an d'Luucht. Investéieren d'Leit nach an den Evenementiel den Ament? "Mir kënne wierklech net behaapten, datt mir elo an enger Kris sinn", seet de Charles Schroeder. De Fokus vun hirer Campagne wier ze weisen, dass den Evenementiel e ganz wichtegt strateegescht Kommunikatiounsinstrument ass. Fir d'LEA bleift de Live-Marketing trotz Kënschtlecher Intelligenz essentiel. Eventer géifen Emotiounen an direkt Erfarunge schafen, déi digital Medien net kéinten ersetzen. "Dat gouf et bei de Réimer schonn, Brot und Spiele, an dat wäert et och an der Zukunft ëmmer nach ginn." KI géif zwar schonn agesat ginn, fir Prozesser a Planung ze optiméieren, mee de Besoin, datt Leit zesummekommen, géif bestoe bleiwen.
D'LEA setzt sech dofir an, datt méi mat lokale Prestatairen zesummegeschafft gëtt. Lëtzebuergesch Betriber hätte genuch Knowhow, wiere ganz professionell a géife gutt d'Besonneschkeete vum Marché kennen. Gläichzäiteg kritiséiert de Secteur awer och administrativ Opwänn a steif Reegelen am Aarbechtsrecht. Als Beispill nennt de Charles Schroeder de Label "Green Business Events". D'Initiativ soll nohalteg an eco-responsabel Veranstaltunge promouvéieren mat manner Offall. Mee de Critèrë-Katalog wier deelweis ze komplex a géif vill administrativ Beweiser verlaangen, zum Beispill iwwer d'Hierkonft vu Produiten oder Material.
Donieft wier och méi Flexibilitéit am Aarbechtsrecht néideg, besonnesch bei Eventer, déi owes oder um Weekend sinn. D'LEA plädéiert dofir fir eng méi flexibel Organisatioun vun den Aarbechtszäiten iwwer eng ganz Woch amplaz strikt deeglech Limitten. Als Beispill nennt den Invité grouss Foiren, Hochzäiten oder Kongresser: Wann esou Eventer lafen, kéint een net einfach no 8 oder 10 Stonnen d'Ekipp oder de Responsabele wiesselen, well de ganzen Oflaf openeen ofgestëmmt ass. An deene méi intensive Phase misst dofir heiansdo méi geschafft ginn, wärend an deene méi rouege Méint duerno Kompensatioun a Fräizäit méiglech wier. Allerdéngs géing d'Aarbechtsrecht do net genuch Flexibilitéit bidden, kritiséiert de Charles Schroeder.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.