Prozess vun de Srel-AutoenCharel Hoffmann a Marco Mille gehéiert

RTL Lëtzebuerg
Am "Prozess vun de Srel-Autoe" goufen um Dikrecher Geriicht mam Charel Hoffmann a mam Marco Mille zwee Ex-Direktere vum Geheimdéngscht gehéiert.

Donieft koum den ugeklote fréiere Srel-Agent selwer zu Wuert, dee sech zum Enn vun der Sëtzung entschëllegt huet.

D'Haaptfaiten, déi him reprochéiert ginn, ginn op den Zäitraum vun 2007 bis 2009 zréck. An der Haaptsaach gëtt dem Ex-Geheimdéngschtmann virgehäit, ronn 140.000 € ënnerschloen ze hunn aus dem Verkaf vu 4 Luxusautoen, déi dem SREL gehéiert haten.

Dëse Prozess geet en Donneschdeg virun a kéint dann och ofgeschloss ginn.

Back to Top
CIM LOGO