Moderniséiere vu Garer Quartier Chantier ouni Enn zu Ettelbréck

RTL Lëtzebuerg
Wéi 2014 de Gesetzprojet iwwert d‘Moderniséiere vun der Ettelbrécker Gare gestëmmt gouf, war virgesinn, datt d’Aarbechte bannent 5 Joer ofgeschloss wären.
Chantier ouni Enn zu Ettelbréck (Deel 1 an 2)
Wéi 2014 de Gesetzprojet iwwert d‘Moderniséiere vun der Ettelbrécker Gare gestëmmt gouf, war virgesinn, datt d’Aarbechte bannent 5 Joer ofgeschloss wären.

Haut am Joer 2020 ass net emol ee Brochdeel fäerdeg. Resultat si Stauen ouni Enn an den ëmmer méi laange Stousszäiten an düster Perspektive fir d’Geschäftsleit am Garer Quartier. Dobäi sollt alles méi schéin ginn a besser.

Esou ass virgesinn, en Tunnel ënnert der Gare ze bauen, fir d’N7 iwwer 350 Meter ënnerierdesch ze verleeën an de Verkéier z’entlaaschten.

Duerfir muss awer déi aktuell Gare ofgerappt ginn, obwuel si zum geschichtleche Patrimoine gehéiert. Amplaz dovu soll eng nei Gare gebaut ginn, déi 10 Meter méi héich an 10 Meter méi breet ass wéi déi aktuell , wat dozou féiert, datt d’Garer Plaz quasi verschwënnt.

Iwwerhaapt huet de Projet sech am Laf vun de Jore verännert, esou ass zum Beispill och eng 42 Meter héich Jugendherberge dobäikomm, déi initial guer net virgesi war. D’Gemeng huet hire PAG missten änneren a nei PAPe stëmmen.

Iwwerdeems aktuell bei den Aarbechten un de Gleiser a beim Neibau vu der Patton-Bréck en Enn ofzegesinn ass, gesäit et anescht fir all déi Neibauten am Garer Quartier aus: Nieft der Jugendherberge an der Gare sollen am direktem Ëmfeld  och nach en administratiivt Gebai, ee Komplex mat Büroen a Wunnengen grad wéi ee grousse Parking entstoen.

En Timing fir déi Bauaarbechte gëtt et net.

Den 2. Deel vum Chantier ouni Enn zu Ettelbréck um Dënschdeg op der RTL Télé Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO