
Wéi eng Accente sëtzt d'Regierung fir 2022? Wéi geet et weider mat der ugespaanter finanzieller Situatioun a gëtt et an der Budgetspolitik e Fuedem? Ënnert anerem déi Froen huet d'Chambre des Métiers sech am Kader vun hirem Avis iwwert de Budget gestallt, dee si en Dënschdeg de Moie presentéiert hunn.
Et géifen u sech keng nei Accenten am Budget 2022 par Rapport zu dem leschte ginn, huet den Norry Dondelinger vun der Chambre des Métiers betount. D'Prioritéite wieren déi Nämmlecht bliwwen, ma d'Gewiichtung tëscht den eenzelen awer ganz ënnerschiddlech:
"Dat ass, wat ee kann nennen d'Klimainvestissementer mam Fond climat énergie an dem Invest an d'Bunn an den Tram, dat si 610 Milliounen. Wann ee kuckt, wat fir de Logement ausgi gëtt, sinn dat 255 Milliounen. Dat ass awer e groussen Ënnerscheed tëscht de Prioritéiten."
Wat de PNEC, de Plan national intégré de l'éerngie et du climat ugeet, feelt et der Chambre des Métiers un Detailler:
"Wat eis do feelt, ass d'Transparenz a wat déi 1,9 Milliarden investéiert ginn, dat geet nämlech aus de Budgetsdokumenter net ervir."
D'Pandemie hätt hir Spueren am Staatsbudget hannerlooss, ma och am Handwierk huet den Direkter Tom Wirion betount:
"43 Prozent vun den Handwierksbetriber sinn an hir Reserve gaangen, an dat trotz de Covid-Aiden, déi absolut netzlech waren. Dat heescht d'Handwierk huet resistéiert ass awer fragiliséiert."
Mam Bléck op d'Ekonomie vu muer wënscht sech d’Handwierkskummer méi Ënnerstëtzung vum Staat a puncto energetesch an och digital Transitioun vun de Betriber. Eng Prioritéit wier awer och déi, de Statut vum Independant ze valoriséieren. De Marc Gross vun der Handwierkskummer:
"Ech menge mir hunn zesumme mat der Chambre de Commerce eis der Thematik ugeholl an eng Propositioun un d'Regierung addresséiert, déi 3 Volete behandelt am Beräich Sécurité sociale an 3 Volete vum Droit du Travail méi präzis."
Bis ewell hätt een awer nach keng Reaktioun krut. Et wier een awer frou iwwert en Dialog mat der Regierung huet den Tom Wirion vun der Chambre des Métiers nach betount.