Problematik "Hate Speech"Chamber: Meenungsfräiheet verdeedegen

RTL Lëtzebuerg
"Haass ass keng Meenung", dat war direkt e puer Mol an der Chamber ze héieren, wou en Donneschdeg iwwer d'Problematik vum Hate Speech debattéiert ginn ass.

Wat een engem op der Strooss net géing soen, sollt een och net an der virtueller Welt anonym iwwert eng Persoun schreiwen. U sech ware sech d'Parteien an der Chamber bei der Orientatiounsdebatt iwwert de sougenannten Hate Speech eens. Mä wéi Haasskommentare sollen ënnerbonnen oder reglementéiert ginn, dat huet vill Froen opgeworf, déi och an dräi Stonnen Diskussioun net  beäntwert konnte ginn.

"Hate Speech" an der Chamber / Rep. Monica Camposeo

D'Majoritéitsparteien haten dësen Debat gefrot an de rezente Fall vun Haass-Kommentare géint d'Presidentin vun der Asti als Ulass geholl. Ma dat wier awer keen Eenzelfall. Ëmmer erëm gi Leit mat rassisteschen oder sexistesche Kommentare konfrontéiert, esou wéi och mat Doudesmenacen. Dozou huet d'Justizministesch Sam Tanson un d'Pappen-Debatt erënnert, wéi si selwer och Doudesmenace krut.

Nodeems si Plainte gemaach hat, hu sech Leit bei hir entschëllegt, well d’Police mat hinne geschwat hat. Doduerch géinge sech déi Leit och iwwer d’Konsequenze bewosst ginn. Et wier genee dat, wat ee wéilt erreechen an dowéinst géing net all Plainte zur Verurteelung féieren.

Wann d'Täter vun der Police mat hirer Dot an de Konsequenzen dovunner konfrontéiert ginn, géing dat bei verschidde Leit zum Ëmdenken ureegen. Wann een eppes, zum Deel anonym, am Internet seet, wëll dat net heeschen, dass dat net genee sou blesséiere kann, wéi an der reeller Welt. Déi gréng Deputéiert Stéphanie Empain huet ugemierkt, datt och d'Algorithme géingen dem Haass ze vill Raum ginn an e méi nuancéierte Géigendiscours kaum zouloossen.

Extrait Stéphanie Empain

Et geet net drëm, den Discours ze verzerren. Kritik soll nach ëmmer méiglech sinn, och wa se ganz däitlech formuléiert ass. Fir eis gëllt 'Wat mer op der Strooss net zu engem géife soen, solle mer och net online schreiwen'. A wa mer op der Strooss net géifen ewechkucken, wann ee beleidegt gëtt, da solle mer och online net ewechkucken. Well béid Situatioune si reell a béid hunn en negativen Effekt op d'Affer an à terme och op eis Gesellschaft. Kommt, mir loossen den Haass net onkommentéiert am Raum stoen.

Dass d'Meenungsfräiheet muss verdeedegt ginn, doranner ware sech d'Parteien eens. De Fernand Kartheiser vun der ADR gesäit kee Grond fir politesch géint Hate Speech virzegoen, ze grouss wier de Risk, dass een dann och géint kritesch Meenunge virgeet. Et wier un der Justiz ze tranchéieren.

Den Deputéierten Sven Clement vun der Piratepartei huet sech och dofir ausgeschwat, dass et d'Aufgab vun der Justiz wier an dës Roll net den Algorithme vun de grousse soziale Plattforme sollt iwwerlooss ginn. Dës technesch Instrumenter kéinten net jugéieren, ob et sech ëm Satire oder Konscht handelt.

De Paul Galles proposéiert e positive Counter-Speech an eng Begleedung vun den Affer och scho wärend engem Prozess, wou jo dacks vill negativ Erënnerungen erëmkommen.

Et gëllt d'Konditiounen ze definéieren, ënnert deenen Hate Speech strofbar ka sinn, esou  d'Nathalie Oberweis vun Déi Lénk.

RTL-News: Och den Internet ass kee rechtsfräie Raum
RTL-News: Vill Politiker vun "Déi Gréng" ginn an de soziale Medien ugegraff

Back to Top
CIM LOGO