No laangen DiskussiounenChamber mécht de Wee fir den europäeschen Asyl- a Migratiounspak fräi

Marc Hoscheid
Am Fokus vun den Diskussioune stoung d'Spannungsfeld vun engem mënschlechen Ëmgank mat jidder Eenzelem op der enger an der Funktiounsfäegkeet vun den Institutiounen op där anerer Säit.
© Chambre des Députés

Och wann LSAP, déi Gréng an déi Lénk am Ufank vun der Sëtzung nach probéiert haten, d'Votten op déi nächst Woch ze verréckelen, gouf en Dënschdeg an der Chamber awer iwwert zwee Gesetzesprojeten ofgestëmmt, déi den europäeschen Asyl- a Migratiounspak, deen den 12. Juni a Kraaft trëtt, a Lëtzebuerger Recht iwwerdroen. An dobäi sinn d'Meenunge wéineg iwwerraschend nawell wäit auserneegaangen.

Et géing ëm net manner wéi d'Fro goen, wéi Europa a Lëtzebuerg d'Migratioun organiséiere wëllen an do wier déi gréissten Erausfuerderung déi, fir de Spagat tëscht Mënschlechkeet an Handlungsfäegkeet ze packen, esou d'Stéphanie Weydert vun der CSV, déi de Gesetzesprojet 8684 vum Inneminister Léon Gloden presentéiert huet. Et géing der CSV-DP-Majoritéit net dorëm goen, de System méi streng ze maachen, mee méi kloer Prozeduren ze schafen. Wann eng Persoun kee Recht op Asyl huet, misst se séier nees ausgewise ginn, dat och fir hir keng falsch Hoffnung ze maachen.

De Gusty Graas vun der DP huet gemengt, datt d'Hëllefsbereetschaft vun de Leit no der grousser Flüchtlingskris 2015 leider séier nogelooss hätt. Ee Grond wier, datt queesch uechter Europa rietspopulistesch Parteien d'Thema aus waltaktesche Grënn ausgeschluecht hätten. Et dierft een net vergiessen, datt et ëm Mënschen an net ëm Saache geet, trotzdeem wier et awer och normal, datt gewësse Konditioune mussen erfëllt sinn, fir de Schutzstatus ze kréien. Mat Bléck op de Centre de filtrage wier den Numm vläicht net optimal gewielt. Gutt wier iwwerdeems, datt Mannerjäreger elo besser en charge geholl ginn. Beim Ophuele vu Flüchtlingen huet de Gusty Graas d'Gemengen opgefuerdert, méi Solidaritéit ze weisen, déi schlecht Zoustänn a verschiddenen Ariichtunge wieren iwwerdeems net onbedéngt ëmmer d'Schold vun deenen, déi se exploitéieren, mee deels och vun de Leit, déi do ënnerbruecht sinn.

D'Asylfro géing sech net nëmmen ëm Prozeduren oder Quoten dréinen, mee dorëms, wéi een an Europa de Mënsch u sech gesäit, esou den Dan Biancalana vun der LSAP. Ee grousse Problem vun der EU wier, datt d'Interesse vun deenen eenzelen Nationalstaaten dacks iwwert deene gemeinsame vun der EU stoe géingen. Mat Bléck op déi Lëtzebuerger Gesetzestexter bräicht et méi staark Schutzmechanismen, wéi se aktuell virgesi sinn, zum Beispill wat d'Ënnerstëtzung duerch een Affekot ugeet. Dee sollt zu all Moment vum Entretien Froen dierfe stellen oder och soss agräifen, amplaz wéi am Gesetzestext virgesinn, just zum Schluss seng Observatioune matdeelen ze kënnen.

Am Fong hätt d'Liz Braz fir d'LSAP solle schwätzen, mee well d'Positioun vun hirer Fraktioun hir ze kritesch war, gouf si duerch den Dan Biancalana ersat a si war och guer net an der Chamber present.

Den Tom Weidig vun der ADR huet betount, seng Partei géing zum Asylrecht stoen, mee et géing awer kee Recht ginn, sech dat Land, wou een Asyl kréie wëllt, erauszesichen. Wärend der Flüchtlingskris 2015 wier esouwuel an Däitschland wéi och zu Lëtzebuerg de Feeler gemaach ginn, den Androck ze erwecken, datt jiddereen opgeholl géing ginn, wann ee Land sech weigert, seng Bierger zeréckzehuelen, sollt d'EU d'Méiglechkeet hunn, dat Land dofir ze sanktionéieren. Och wann den europäeschen Asyl- a Migratiounspak an déi richteg Richtung goe géing, hätt en awer och nach eng ganz Partie Schwächten, zum Beispill kéinte Länner weider dozou gezwonge ginn, Flüchtlingen opzehuelen.

De Meris Šehović huet kritiséiert, datt all Persoun, déi op Lëtzebuerg kënnt, an Zukunft fir d'éischt mol wéi eng potentiell Gefor behandelt géing ginn, dat géing och Mannerjäreger betreffen. Lëtzebuerg géing do iwwert déi europäesch Virgaben erausschéissen.

De Marc Goergen vun de Piraten huet begréisst, datt Europa sech elo mol gemeinsam Reegele fir d'Migratioun gëtt. Et géing nach ëmmer vill Leit ginn, déi aus Angscht ëm hiert Liewen op der Flucht sinn, dorënner vill Chrëschten oder och Judden, dat wiere ganz sécher keng Terroristen, wéi et dacks vu rietsextreme Parteien duergestallt géing ginn.

De Marc Baum vun deene Lénken huet vun enger Migratiounshysterie geschwat, déi net op Fakte baséiere géing. Dat lescht Joer hätte grad emol 178.000 Leit ouni Pabeiere probéiert, an d'EU ze kommen, am Verglach mat der europäescher Populatioun wier dat keng grouss Zuel.

Den Inneminister Léon Gloden huet bedauert, datt wärend der Debatt Asyl an Immigratioun matenee vermëscht gi wieren. Wann et ëm Asyl geet, kéint een net op eemol vun de Portugise schwätzen, déi op Lëtzebuerg komm sinn. Wat d'Retoure vun de Leit an hir Heemechtslänner ugeet, hätt déi aktuell Lëtzebuerger Regierung de Retour volontaire agefouert, wou d'Leit finanziell ënnerstëtzt ginn. Hien huet och ënnerstrach, datt de Filtrage keng ofschléissend Prozedur wier, mee dono kéint een nach ëmmer Asyl ufroen. Et wier och net sou, datt d'Leit am Normalfall agespaart géinge ginn, mee se kéinte sech daagsiwwer fräi beweegen. Den Zentrum, wou de Filtrage gemaach wäert ginn, kënnt iwwregens an dat fréiert Adem-Gebai an der Rue Bender an der Stad.

Um Enn vum Debat gouf dann nach eng Motioun vun CSV an DP ugeholl, déi eng Iwwerpréiwung vun de Mesuren no véier Joer virgesäit.

De Gesetzesprojet 8684 gouf mat den 42 Stëmme vun CSV, DP, ADR a Pirate bei 17 Nee-Stëmmen ugeholl.

Dono gouf iwwert de Gesetzesprojet 8732 vum Familljeminister Max Hahn diskutéiert, deen den Accueil vu Flüchtlingen zu Lëtzebuerg reegelt. D'Rapportrice Mandy Minella vun der DP huet dorobber verwisen, datt déi betraffe Persounen duerch den Text schonn no 4 an net wéi bis elo réischt no 6 Méint Zougank zum Aarbechtsmaart kréie sollen, ouni datt dofir eng temporär Aarbechtserlabnis ausgestallt muss ginn.

D'Demandeurs d'asile bleiwen awer weider vun der ADEM ausgeschloss, wat direkt vun enger Partie Riedner bedauert gouf. D'Stéphanie Weydert huet awer op eng entspriechend Remark vun der grénger Deputéiert Djuna Bernard gemengt, et géing ee lo mol een éischte Schratt an déi richteg Richtung maachen. D'Djuna Bernard huet iwwerdeems fonnt, datt een theoretescht Recht nach laang net mat engem wierklechen Zougank gläich ze setze wier. Dowéinst sollten Demandeurs d'asile no véier Méint och vun der ADEM en charge geholl ginn.

D'Claire Delcourt vun der LSAP huet begréisst, datt den Office national de l'enfance elo méi enk mat agebonne soll ginn, ma beim Schutz vu Mannerjärege wier awer nach Loft no uewen.

Den Dan Hardy vun der ADR huet et als positiv bezeechent, datt Demandeurs d'asile an Zukunft ee besseren Zougank zu Alphabetiséierungscourse kréien an nieft hire Rechter och iwwert hir Flichten informéiert solle ginn.

De Marc Goergen vun de Piraten huet gemengt, datt d'Accueilsstrukturen zu Lëtzebuerg zwar net optimal wieren, mee am Verglach mat den Nopeschlänner géing de Grand-Duché guer net sou schlecht do stoen. Dobäi kéim, datt d'Strukturen duerch déi zwee Gesetzesprojete wuel entlaascht dierfte ginn.

De Marc Baum vun deene Lénken huet et kritesch gesinn, datt Demandeurs d'asile hir finanziell Ënnerstëtzung gestrach kënne kréien, wa si net mat den Autoritéite kooperéieren. Dat wier ze vag formuléiert.

D'Corinne Cahen vun der DP huet gemengt, datt een an enger perfekter Welt den Don Bosco wéi virgesi well virun 10 Joer zougemaach hätt, mee wann et u Better feelt, wier et besser der an esou Strukturen ze halen, wéi se net méi ze hunn.

De Familljeminister Max Hahn huet gemengt, et wier zwar séier geschafft ginn, mee et wier och gutt geschafft ginn. Et géing sech awer anescht wéi beim Léon Gloden sengem Text net ëm eng Revolutioun, mee ëm eng Evolutioun handelen. Lëtzebuerg géing an enger Partie Punkte méi wäit goen, wéi d'EU-Direktiv et virgesäit, nieft dem Accès op den Aarbechtsmaart och bei der Obligation scolaire, déi zu Lëtzebuerg vum éischten Dag u gëllt an net réischt no zwee Méint, wéi d'EU-Direktiv et virgesäit. Et géing drëm goen, datt d'Leit sou séier wéi méiglech op eegene Féiss stoe kënnen. Dat wier eng Fuerderung, déi vu villen Acteure vum Terrain kéim. Fir d'Integratioun an d'Gesellschaft wier et och wichteg, datt en Accès zum Biergerpakt geschaaft gouf. Op eng Fro vum Dan Hardy iwwer d'Roll vum Lëtzebuergesche war et nach d'Prezisioun, datt d'Demandeurs d'asile all d'Sprooche vum Land online léiere kënnen. Mat Bléck op d'Ausso vum Marc Baum war et dann nach d'Reaktioun, datt just een Deel vun der finanzieller Ënnerstëtzung gestrach ka ginn, do géing et ëm maximal 30 Euro pro Mount goen. Wat den Zougank zur ADEM ugeet, géingen iwwerdeems nach Gespréicher an der Regierung, notamment mam Aarbechtsminister lafen.

Mat Bléck op den Office national de l'accueil war et d'Ausso, datt elo d'Gespréicher mat de Kandidate fir de Poste vum Direkter lafen, den aktuellen Direkter Yves Piron wäert dee Poste jo um Enn vum Joer fräimaachen.

Um Enn gouf de Gesetzesprojet 8732 mat 37 Jo-Stëmmen, bei 12 Nee-Stëmmen an 11 Enthalungen ugeholl.

Back to Top
CIM LOGO