Vill lass um SamschdegCGDIS mellt 7 Blesséierter bei 6 Tëschefäll

RTL Lëtzebuerg
Eleng bei engem Accident tëscht Zéisseng an dem Schléiwenhaff si 5 Persoune verwonnt ginn. Am Norde vum Land war de Rettungshelikopter am Asaz.
Vill Aarbecht fir d’Ekippen
© Laurent Weber

Géint 14.10 Auer hat et um CR178 gerabbelt. D’Ambulanzen aus der Stad a vu Mamer hu sech ëm déi Blesséiert gekëmmert.

An der Mëttesstonn war et an der Liberatiounsstrooss zu Diddeleng en Accident tëscht engem Auto an engem Bus. Blessure waren hei keng ze notéieren.

Géint 12.45 Auer ass zu Soller um Kanal en Auto op d’Kopp gaangen. Nieft de Pompjeeë vu Wolz, Wanseler an aus dem Park Uewersauer waren och d’Ambulanz vu Wolz an den Helikopter vun der Air Rescue am Asaz.

Um 13.20 Auer gouf vu Wäiswampech aus engem Garage an der Cité Grait de Brand vun engem Moto gemellt. D’Pompjeeë vun Ëlwen, Wäiswampech a Clierf hu sech drëms gekëmmert.

Kuerz viru 15 Auer war et op der Diddelenger Autobunn A3 a Richtung Stad, tëscht der Grenz an dem Beetebuerger Kräiz, en Accident tëscht zwee Autoen. D’Ambulanz vun Diddeleng an d’Pompjeeë vun Diddeleng a Keel waren dohinner.

Ëm 16.25 Auer war zu Zolwer an der Rue Marcel Reuland en Auto a Brand geroden. D’Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng an Esch-Uelzecht hunn d’Flame geläscht.

Back to Top
CIM LOGO