Den Alain Becker erkläert am RTL-Interview, et wier wichteg, all d’Situatiounen ze reegelen, wou bis zu 12 Stonnen den Dag geschafft gëtt, dat op Basis vun der EU-Direktiv iwwer d‘Aarbechtszäiten. "Fir all déi aner Saache si mer natierlech ëmmer op, fir ze diskutéieren", sou de President vum Corps Grand-Ducal d’Incendie et de Secours.
Hien ass awer der Meenung, datt "Zefriddenheet do ass", well vill Punkten aus dem CGDIS-Gesetz vun dësem Joer schonn "deelweis Errongenschaften" wieren, déi d’Personal gefrot haten.
Bis Enn dës Joers ass d’Situatioun gekläert, mengt den Alain Becker. Soubal déi aner Texter an der Fonction Publique "sprochräif" wieren, géing ee sech "drunhänken".
"Hu sécherlech net de Kapp an de Sand gestach"
Genee wéi de Minister vun der Fonction Publique Marc Hansen (DP) erkläert d’Inneministesch Taina Bofferding (LSAP), datt den Accord mat der Police vu Juni als Basis kéint déngen.
Si wiert sech iwwregens géint d’Virwërf vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP, déi hir "Straussepolitik" virgehäit huet a fuerdert, datt d’Aarbechtszäite bei de Rettungsdéngschter "dringend" reguléiert ginn.
"Et ass esou, datt ech vläicht d’Féiss am Sand stiechen hat, awer sécherlech net de Kapp an de Sand gestach hunn", sou d’Inneministesch. Si wier vill um Terrain gewiescht, sech der Suerg iwwert d’Aarbechtszäit bewosst, "an elo ass et esou, datt schonn Diskussioune lafen."