UeweraanwenCamion op Chantier ëmgekippt
E Méindeg de Moien ass géint 9 Auer an der Rue du Schied zu Ueweraanwen ee Camion ëmgekippt.
Wéi de CGDIS a sengem Rapport matdeelt, gouf bei dem Virfall eng Persoun blesséiert. Eng Ambulanz aus der Stad, genee wéi d’Secouriste vun Nidderaanwen a Mensder waren op der Plaz.
An der Rue du Luxembourg zu Stengefort koum et iwwerdeems ëm 10 Auer zu enger Kollisioun tëscht engem Bus an engem Camion. Och hei gouf eng Persoun blesséiert, eng Ambulanz vu Réiden op der Atert war do.
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.