
De Joreswiessel 20-21 war leider keen, wéi mer e soss kannt hunn.
Mir si matzen an engem Lockdown, mat engem Couvre-feu, deen och um Donneschdeg Owend op Silvester gegëllt huet, an um 21 Auer den Owend ugefaangen huet.
Et däerfe jo och weiderhin net méi wéi zwou Persounen aus dem selwechte Stot bei een Aneren heem, an d'Ofschéisse vu Freedefeier war an de meeschte Gemengen och am Privaten net erlaabt.
D’Police huet dann och nach emol drun erënnert, dass sech och op Silvester ebe muss un d’Restriktioune gehale ginn, an hat normal Kontrollen annoncéiert.
Als éischt hunn um Donneschdeg iwwregens d‘Leit am pazifeschen Inselstaat Samoa dat neit Joer begréisst, an zwar schonn um 11 Auer en Donneschdeg de Moien eiser Zäit.
Um 12 Auer war et da beispillsweis un de Fidschi-Inselen oder un Neiséiland fir 2021 ze begréissen. Um 14 Auer gouf zu Sidney eragerutscht, um 16 Auer a Japan, um 18 Auer an Thailand, um 20 am Pakistan an um 22 Auer den Owend zu Moskau.
Déi éischten EU-Staaten, déi dat neit Joer begréissen, waren Zypern a Griichenland um 23 Auer, ier et dann eng Stonn drop och un eis heiheem war.
Déi Lescht, déi de Kalenner musse wiesselen, sinn iwwerdeems traditionell déi kleng US-amerikanesch Pazifik-Inselen Baker- an Howland, wou et eréischt e Freideg de Mëtteg um 13 Auer sou wäit wäert sinn.