Tëscht Osper an HueschtertBus vun der Strooss ofkomm, eng Persoun blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Géint 10.30 Auer koum et e Mëttwoch de Moien op der N23 tëscht Osper an Hueschtert zu engem Accident mat engem Bus.
© Domingos Oliveira / RTL

De Chauffeur vum Bus war mat sengem Gefier vun der Strooss ofkomm an ass am Gruef un d'Hale komm. Am Bus ware keng Passagéier, mä zwee Chauffeuren. Ee vun de Chauffeure koum mat engem Schock an d'Spidol.

Op der Plaz waren de CIS Rammerech a Réiden an eng Ambulanz vu Réiden.

Wéinst dem Accident hat d'Strooss misse fir de Verkéier gespaart ginn.

Back to Top
CIM LOGO