PoliceBrigang wollt Hond klauen, Foussgänger ugegraff, anere gouf ugedanzt a beklaut

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matgedeelt huet, gouf ee Mann an der Stad festgeholl, een aneren zu Ettelbréck.
© Police

En Donneschdeg den Owend hat zu Ettelbréck an der Rue A Stackels en Awunner eng aner Persoun in flagranti dobäi erwëscht, wéi déi a säin Doheem agebrach ass. Den Abriecher hat eng Zill an d'Fënster vun der Entréesdier gehäit. Wéi de Proprietär vum Haus heem koum, huet hien e Mann gesinn, dee mat sengem Mupp aus dem Haus, respektiv nees aus der Fënster klamme wollt. De presuméierten Täter gouf nach op der Plaz festgeholl. Hien op Uerder vum Parquet bei den Untersuchungsriichter an duerno an Untersuchungshaft.

Eppes virun Hallefnuecht hat eng Persoun e Foussgänger am Garer Quartier attackéiert. D'Poliziste konnten de presuméierten Täter op der Paräisser Plaz festhalen. D'Affer hat nämlech direkt den 113 gewielt a war dem Mann nogaangen, bis d'Police do war. Um Policebüro gouf du festgestallt, dass de presuméierten Täter sech illegal hei am Land géif ophalen. Seng Pabeiere ware gefälscht, heescht et am Bulletin vun der Police. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an hie koum virun den Untersuchungsriichter.

D'Police mellt dann nach en Déif, dee sech eng besonnesch afalen gelooss huet, fir u Bores ze kommen. Um 21 Auer e Freideg den Owend gouf e Foussgänger an der Rue Bender an der Stad vun engem Friemen ugedanzt an ugepaakt. De Concernéierten huet méi spéit festgestallt, dass hie Suen aus der Täsch vu sengem Hiem geklaut krut. D'Persoun huet e Samschdeg de Moien eng Plainte gemaach an eng Enquête gouf lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO