SchëfflengBrandstëftung, Vandalismus, Radio a Feierläscher geklaut

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Méindeg géint 4.50 Auer gouf zu Schëffleng an der Rue Netgen eng Camionnette gemellt, déi gebrannt huet.
Brandstëftung a Vandalismus zu Schëffleng
An der Nuecht op e Méindeg géint 4.50 Auer gouf zu Schëffleng an der Rue Netgen eng Camionnette gemellt, déi gebrannt huet.

Wéi d'Pompjeeën op d'Plaz koumen, konnt de Brand direkt geläscht ginn. D'Police huet awer misse feststellen, datt zwee aner Gefierer mat Graffitie besprayt gi sinn. Bei engem vun deenen zwee Ween gouf och d'Fënster ageschloen. Aus enger weiderer Camionnette gouf de Radio an e Feierläscher geklaut.

D'Police huet nach no den Täter gesicht, hu se awer net méi fonnt. De Parquet huet de Miess- an Erkennungsdéngscht mat der Spueresécherung beoptraagt. Eng Enquête leeft.

Méiglech Zeie kënne sech bei der Police vun Esch mellen ënnert der Nummer (+352) 244 501000 oder per E-Mail: police.esch@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO