An der Nuecht op en Dënschdeg schonnBrand vu 4 Camionnetten zu Beetebuerg an der Aktivitéitszon

RTL Lëtzebuerg
D'Feier konnt duerch 2 Binômer ënner Otemschutz a mat zwou Lanze séier ënner Kontroll bruecht ginn.
© CGDIS

Beim Virfall zu Beetebuerg gouf keng Persoun blesséiert, allerdéngs goufen 2 weider Gefierer, déi an der Géigend stoungen, mat beschiedegt.

Brandstëftung kann net ausgeschloss ginn, d'Police judiciarie gouf säitens dem Parquet mam Fall beoptraagt.

Hei nach de Message vum CGDIS: Och iwwer d'Chrëschtdeeg sinn eis fräiwëlleg a professionell Pompjeeën asazbereet, fir bei deenen ufalenden Asätz séier Hëllef ze leeschten.

Back to Top
CIM LOGO