CGDISBrand an der Industriezon Gadderscheier huet Groussasaz provozéiert

RTL Lëtzebuerg
Um Sonndegmoie fréi géint 2.15 Auer goufen d'Pompjeeën aus 6 Zenteren a 4 Ambulanzen an d'Industriezon Gadderscheier zu Suessem geruff.
© CGDIS

Wéi am CGDIS-Bulletin ze liesen ass, war et an Asaz an enger Industriehal, an dass 1 Persoun verwonnt gouf.

Op Nofro hin, huet de CGDIS bestätegt, dass et sech ëm e Brand gehandelt huet. Weider Detailer goufen awer net bekannt.

RTL-Informatiounen no, war et wuel awer just e klenge Brand an et koum och just eng Persoun fir eng Kontroll an d'Spidol.

Op der Plaz waren d'Ambulanze vun Diddeleng, Esch, Péiteng a Suessem-Déifferdeng, grad ewéi d'Pompjeeë Diddeleng, Esch, Käerjeng, Monnerech, Péiteng a Suessem-Déifferdeng.

Back to Top
CIM LOGO