Neien LSAP-FraktiounspresidentBleift de Georges Engel Suessemer Buergermeeschter?

Pierre Weimerskirch
De Georges Engel ass vun e Méindeg un neie Fraktiounspresident vun der LSAP. Domat iwwerhëlt hien d'Funktioun vum Alex Bodry, deen an de Staatsrot wiesselt
Neien LSAP-Fraktiounspresident
De Georges Engel iwwerhëlt de Poste vum LSAP-Fraktiounspresident.

Ob de Georges Engel Buergermeeschter zu Suessem bleift, dierft sech an den nächste Wochen entscheeden. D‘Simone Asselborn-Bintz géif an deem Fall éischt Fra un der Spëtzt vun der Südgemeng ginn. Fir den 51 Joer ale Politiker sinn déi grouss Steierreform, de Klimapak an d'Logementspolitik déi grouss Erausfuerderunge fir 2020.

D‘sozialistesch Aarbechterpartei misst d‘Kommunikatioun no bausse verbesseren, datt d‘Leit nees wéissten, fir wat eng LSAP steet, esou de Georges Engel.

De Georges Engel (1)
De Georges Engel ass vun e Méindeg un neie Fraktiounspresident vun der LSAP.

De Georges Engel hat an Aussicht gestallt, de Buergermeeschterposten néierzeleeën, soubal hie Fraktiounspresident ass.

De Georges Engel (2)
De Georges Engel ass vun e Méindeg un neie Fraktiounspresident vun der LSAP.

D‘Simone Asselborn-Bintz géif dann a Fro kommen, fir Buergermeeschtesch zu Suessem ze ginn a wier an der Geschicht och déi éischte Fra op dësem Posten.

Back to Top
CIM LOGO