Et wär wichteg, dass als éischt d'Personal aus dem Santésberäich an duerno direkt déi vulnerabel Persoune geimpft solle ginn.
Nieft de villen organisatoresche Froen, géif et awer och nach wichteg medezinesch Froe ginn, huet ënnert anerem de Jean-Marie Halsdorf vun der CSV wärend der Aktualitéitsstonn an der Chamber ze Bedenke ginn. Zum Beispill d'Fro, ob Persounen déi u Covid erkrankt waren, awer nach kënne vaccinéiert ginn. De CSV-Deputéierten huet dem Mars Di Bartolomeo vun der LSAP iwwerdeems Recht ginn: de Virus wär méi geféierlech ewéi méiglech Niewewierkunge vum Vaccin.
Mars Di Bartolomeo: "Op der enger Säit sinn et Impfungen, déi grouss Weltkrankheeten, quasi ausgemäerzt hunn. Ech erënneren u Kannerlämung, ech erënneren un Diphtherie, u Pouken. Et muss een also, wann ee vun Niewewierkunge schwätzt, wann ee vu Rechtrisiko schwätzt, muss een am Hannerkapp behalen, wat d'Plus-value ass vun engem gudde Vaccin. W.e.g. dofir och un d'Adress vun deenen, déi méi kritesch sinn: jo stellt Froen. An un déi, déi d'Froe gestallt kréien: gitt gutt, novollzéibar, richteg Äntwerten. Well nëmmen dann, kënne mer d'Leit dobaussen iwwerzeegen, dass den Impfstoff d'Äntwert ass op dat, wat mer mat anere Mesurë bis elo net an de Grëff kruten."
Unanim halen d'Deputéiert um Prinzip fest: d'Impfe muss fräiwëlleg bleiwen. Et dierft och net sinn, dass e Patron sengen Employéen eng Impfung imposéiere kéint. Mam Dateschutz dierft dat souwisou awer keen aneren eppes ugoen, ausser d'Persoun selwer, ob si geimpft ass oder net. De gréngen Deputéierte Marc Hansen huet och betount, dass et an Zukunft keng ënnerschiddlech Mesurë fir Geimpfter an Net-Geimpfter dierft ginn.
Och de Marc Baum vun déi Lénk huet d'Strategie gelueft. Et dierft ee sech awer net ze fréi freeën.
Marc Baum: "Et geet drëm, mëttelfristeg mam Virus eens ze ginn, jo mëttelfristeg mam Virus ze liewen. An et gëtt och bei deem Vaccin keng 100%eg Garantie. Och wann déi éischt Tester de Moment drop hiweisen, datt e méi effikass ass wéi de klassesche Grippe-Vaccin, sou ass en net zu 100% verlässlech. Do muss ech soen, do sinn ech éischter angeneem iwwerrascht gewiescht iwwert dat Dokument, wat d'Regierung eis presentéiert huet, well do all déi wichteg Saachen dra sinn, déi awer a mengen Aen d'Grondlag vun enger Strategie sinn."
D'Impfe wär e kollektiven Effort, huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert betount. D'CSV fuerdert aus deem Grond eng richteg Campagne. D'Leit misste éierlech Äntwerten op hir berechtegt Froe kréien.
Et wär nach ze fréi fir ze presentéieren a wéi enger Reiefolleg essentiell Beruffer ewéi Pompjeeën a Poliziste geimpft ginn, huet d'Paulette Lenert zouginn. Ëmmerhin hätt d'Europäesch Agence fir Medikamenter nach keen ee Vaccin zougelooss. Lëtzebuerg krut den Zouschlag fir 5 Impfstoffer.
Dofir sinn vill logistesch Froen nach op. De Sven Clement vun de Piraten huet zum Beispill ze Bedenke ginn, wat fir organisatoresch Schwieregkeeten entsti kéinten, wann eenzel Leit engem Impfstoff méi vertrauen, ewéi engem aneren.