Parquet deelt matBis ewell goufen 19 Persounen am Kader vun der Caritas-Affär verhaft

RTL Lëtzebuerg
Nach virun zwee Deeg waren dräi Leit am Raum Nice verhaft ginn.
© RTL

De Parquet huet e Freideg de Mëtteg den aktuelle Stand vun den Ermëttlungen an der Caritas-Affär publizéiert. Ufank Juni war et jo d'Nouvelle, datt eng 41 Joer al Fra zu Roum am Kader vun der Bedruchsaffär festgeholl ginn ass. Si steet ënnert dem Verdacht, eng zentral Roll gespillt ze hunn beim Detournement vun den 61 Milliounen Euro. Lëtzebuerg hat d'Fra iwwer en europäeschem Mandat d'arrêt gesicht.

Eng weider Persoun wier a Frankräich festgeholl ginn, präziséiert de Parquet. Si wier antëscht un déi Lëtzebuerger Autoritéiten ausgeliwwert ginn. Viru genee zwee Deeg goufen dann dräi weider Persoune am Raum Nice festgeholl. Am ganze si bis ewell 19 Leit verhaft ginn, déi iwwer en internationale Mandat d'arrêt gesicht goufen.

D'Ermëttlunge lafen och nach weider.

Communiqué du parquet de Luxembourg en relation avec l’affaire de détournement de fonds au détriment de la Fondation Caritas

Back to Top
CIM LOGO