Déi Konventioun war jo Enn Oktober vun den Doktere gekënnegt ginn an d’Ressortministesch hat viru knapp 14 Deeg am Interview op der Tëlee gesot, d’Konventioun misst hiren Informatiounen no eigentlech “just” nach ënnerschriwwe ginn, wann een den Dokteren nolauschtert ass dat awer nach laang net fir haut oder muer.
De President vun der AMMD fënnt, datt et gutt Gespréicher tëschent den Dokteren an der Gesondheetskeess gouf, et wier ee sech och an de groussen Zich eens, wat an där Konventioun misst dra stoen an awer ass d’Situatioun aktuell blockéiert.
“Mir sinn einfach op deem Punkt, wou mer elo vun der Matière selwer net méi weiderkommen, wou mer och um politesche Plang Adaptatiounen um gesetzleche Kader brauchen. A voilà, mir waarden elo drop, dass d’Politik déi Saache mécht, mee bis elo kënnt do awer kee wierkleche Feedback.”
Eng vun den Haaptfuerderungen ass d’Revalorisatioun vun den Tariffer. De Conseil superieur de la securité sociale huet decidéiert, datt d’Dokteren näischt kréien.
D’Ressortministesch hat op der Tëlee gesot, d’Politik hätt domadder näischt ze dinn: “Dat ass eng Decisioun vun engem Geriicht. Do hu mir keng Emprise drop. D’Geriicht huet dat elo decidéiert.”
De President vun der AMMD gesäit dat allerdéngs e bësse méi nuancéiert:
“Dat ass bedéngt richteg, well et muss ee wëssen, dass d’Madamm Deprez an d’CNS am Fong dem Geriicht recommandéiert hunn, den Dokteren null Prozent ze ginn, wéinst soi-disant abus et fraude, dass mer ze vill Aktivitéite gemaach hätten. Well net méi genuch Suen an der CNS wieren, wären null Prozent recommandéiert – an d’Geriicht ass där Recommandatioun och nokomm. Dat ass also och eng politesch Recommandatioun gewiescht, wou mer natierlech net frou driwwer sinn.”
De Virworf vun Abus a Fraude weisen d’Dokteren kategoresch zeréck.
“Fir d’CNS sinn dat just Chifferen. Si kucken un Hand vu Chifferen a wann déi depasséiert sinn, da soe si den “utile et nécessaire” wier depasséiert. Si wëssen awer guer net, wat déi medezinesch Recommandatioune sinn, well se an der CNS kee Medezinner hunn, deen dat kennt.”
Datt d’Käschten am Gesondheetssystem klammen, wier net duerch Mëssbrauch ze erklären, mä nei Recommandatioune géifen dozou féieren, datt Krankheeten ëmmer méi fréi detektéiert ginn – mat méi Tester an Analysen. Den Dokter Chris Roller nennt e Beispill aus der Urologie. D’Europäesch Societéit fir Urologie géif recommandéieren, relativ fréi e Schratt méi wäit ze goen, wa verschidde Wäerter ze héich sinn:
“Déi Recommandatioune ginn ëmmer méi large, dat heescht, de Wäert fir en IRM ze maachen, gëtt ëmmer méi niddreg. Dat heescht, mir maache méi IRMen, méi Depistagen. Duerno gëtt eis vläicht virgehäit, mir hätten ze vill IRMen opgeschriwwen, mee au final setze mer just déi Recommandatiounen ëm .... fir Krankheeten éischter ze erkennen.”
Nieft de finanziellen a fachleche Froe geet et awer och ëm d’Zukunft vum Gesondheetssystem. D’Doktere warnen, datt Lëtzebuerg u Kompetitivitéit verléiert, wann d’Konditiounen net verbessert ginn. Et schéngt also duerchaus nach Gespréichsbedarf ze ginn, och mam Premier. D’Dokteren haten uganks dës Joers an engem Bréif no enger Entrevue gefrot. De Premier hat doropshi geäntwert, datt dat am Fréijoer méiglech wier an dorop waart d’AMMD den Ament nach a seet, si wier enttäuscht vun der Politik.