
Zanter en Donneschdeg si 27 nei Petitiounen online, déi bis den 24. Juni op d'mannst 5.500 Ënnerschrëften musse beienee kréien, fir dass et zu engem ëffentlechen Debat an der Chamber kënnt. D'Fuerderungen ginn nees vu-bis.
Ënnert anerem gëtt en nationale Referendum gefrot, vir- oder géint eng Atomzentral hei am Land.
Méi staatlech Hëllefe fir kleng Akommessen, virun allem am Beräich vum Logement si Sujet.
D'Publicitéit fir elektresch Zigarette sollt verbuede ginn.
Méi haart Strofe fir Leit, déi Dreck aus dem Auto op d'Strooss geheien, gi gefrot.
Méi streng Strofe bei verstéiss géint d'Déiereschutzgesetz oder d'Aféiere vun engem Vignette-System fir d'Autobunne ginn och verlaangt
Déi komplett Lëscht fënnt een op petitiounen.lu.