Google-Datazenter"Biergerinitiativ Biissen" verlaangt méi Transparenz vun der Politik

RTL Lëtzebuerg
Den dubiéise Projet “Google” wier wuel nach net vum Dësch, vill oppe Froe wieren nach ëmmer net beäntwert.
© RTL-Archiv

Dat seet d'"Biergerinitiativ Biissen", déi sech an engem Bréif ze Wuert mellt an déi klassesch Froen zum Datenzenter rappelléiert. Wat bréngt de Projet? Wat ass den Impakt op d'Liewesqualitéit? Wéi ass et mam Waasserverbrauch?

Leider kréichen d'Bierger keen Abléck an d'Etüden, schreift d'Initiativ a verlaangt méi Transparenz vu Säite vun der kommunaler- an der nationaler Politik.

Bei sou grousse Projete sollten d'Bierger allzäit virdrun ëm hir Meenung gefrot ginn. Dat wier eng Saach vu Respekt, fënnt d'Biergerinitiativ.

Schreiwes vun der Biergerinitiativ Biissen (12.10.2020)

Back to Top
CIM LOGO