Groussbus a WalBierger a Biergerinne stëmmen iwwer Gemengefusioun of

Monica Camposeo
Tim Morizet
Wann déi zwou Gemenge sech vu Juli 2023 u géingen zesummendoen, hätt déi nei Gemeng 2.200 Awunner.
null
Wann déi zwou Gemenge sech vu Juli 2023 u géingen zesummendoen, hätt déi nei Gemeng 2.200 Awunner.

D'Bierger an d'Biergerinnen vu Groussbus a Wal stëmmen e Sonndeg iwwert eng Gemengefusioun of.

Zesummen kéint ee méi Projeten ëmsetzen, argumentéieren d'Buergermeeschtesch vu Wal, Christiane Thommes-Bach, an de Buergermeeschter vu Groussbus, de Paul Engel.

Bei 2.200 Awunner géing déi nei Gemeng vu Groussbus-Wal knapp 5 Milliounen Euro kréien. Eng Fusioun gesäit nämlech och finanziell Subside vir, normalerweis sinn dat 2.000 Euro pro Bierger. Dës Zomm gouf op 2.200 Euro erhéicht.

An deene leschte 17 Joer gouf et 12 Gemengefusiounen. Doduerch ass d'Zuel vun de Gemenge vun 118 op 102 erofgaangen.

Back to Top
CIM LOGO