D'Entreprise, déi op der Bourse dotéiert ass, huet an de leschte 5 Joer knapp d'Halschent vu sengem Wäert verluer. Et wéilt een aner Weeër goen an duerch nei Technologië weider Marchéen erschléissen.
Zu Lëtzebuerg ass Beweegung am Satellitte-Secteur. De Marché war nach ni esou dynamesch an zerrass, sou de Responsabele vun den Technologië bei der SES: "D'Competitioun ass am Gaang ze wuessen, do ass Amazon, SpaceX ... et gëtt etabléiert Operateuren, déi verschidden nei Business-Modeller testen a Kapassitéite kafen."
Hien ass dovun iwwerzeegt, dass et nach ni esou spannend war, fir an dësem Secteur ze schaffe wéi den Ament. Déi rezent Entwécklunge géifen net als Risiko, mä als Chance gesi ginn. De Marché géif doduerch méi grouss ginn, et kommen nei Technologien op de Marché an et kéinte méi potentiell Clienten ugeschwat ginn.
Et wier net einfach, awer interessant am Space-Marché ze schaffen, seet de Ruy Pinto, Chief Technology Officer vun der SES.
Ënnert anerem entwéckelen zu Lëtzebuerg 14 Ingenieuren eng nei Technologie, wéi een aus dem Weltall d'Kommunikatioun vu Schëffer lokaliséiere kann. Iwwert déi zwee Joer, déi et d'Entreprise elo gëtt, huet een 9 Milliounen Euro vu privaten Investisseure kritt. D'Regierung hätt iwwert ee Memorandum of Understanding der Entreprise zwou Milliounen Euro Fuerschungsgelder an Aussicht gestallt, knapp 700.000 goufe schonn ausbezuelt.
"Wat wierklech interessant ass un der New Space Industrie, ass, datt een de ganze Prozess ka kontrolléieren: De Satellit esou designen, datt e genee passt. Se bauen ze loossen, se ze besetzen an ze steieren. An och den Output ze verkafen. Dat ass ganz simplistesch gesinn de Modell vun der SES. An dat ass eppes, wat mer versichen, iwwert d'Zäit ëmzesetzen.”, seet den Andrew Bowyer, CEO vu Kleos.