Eng ganz Partie Proprietäre waarden deels zanter ville Joren drop, datt hir Wunneng fäerdeg gebaut gëtt. De Promoteur oder eng aner Firma geet faillite an d'Leit stinn duerno virun engem Bierg Scholden.
Esch, Mutfert, Munneref, Diddeleng - op ville Plazen am Land sinn d'Leit vun dëser Situatioun betraff. Si kréie vum Promoteur versprach, bannent 2 bis 3 Joer hir Wunneng ze bauen. Um Enn klappt et net. Well de Promoteur faillite geet oder soss Probleemer wärend der Bauzäit optrieden.
Déi Persounen, déi vum VEFA-Logement concernéiert sinn, also der Vente en l'état futur d'achèvement, misste vum Staat ënnert d'Äerm gegraff kréien. Där Meenung sinn déi Lénk. Op der Clairefontaine's Plaz hu concernéiert Proprietären e Samschdeg de Mëtteg manifestéiert. Si hoffen, gehollef ze kréien.
Wann Dir méi iwwer d'Situatioun vun de VEFA oder d'Schicksaler vu verschiddene Leit wësse wëllt, huet de Gaël Arellano vun RTL Infos eng ganz Serie fir Iech: