An der Corona-Kris huet et vill méi Leit wéi gewinnt an eis Bëscher gezunn. Déi sinn elo am Fréijoer extra schéin. Op den éischte Bléck op alle Fall...
No der Kräizerbuch kënnt en Areal vu ronn 350 Hektar, e Bësch virun allem aus Bichen, dee sech op d’Gemengen Habscht a Biekerech a bis eriwwer op Saeul zitt. 350 Hektar duerch déi sech iwwer 80 km sougenannt Autobunnen zéien… En Zeeche vun intensiver Forstwirtschaft, sou d’Kritik vun engem Naturschützer.
No a no géif aus naturnoe Bëscher, därer, mat wirtschaftlechem Wäert a Rendement, eng Mentalitéit déi d’Naturverwaltung eraus an d’Gemenge géing droen. Geschitt zum Beispill zu Habscht. Dobäi kéim, dass fir esou breet Bëschautobunne keng Kompensatioune gefrot géifen.
Wann de Jeannot Weber vum Bësch schwätzt, engem erkläert wéi e funktionéiert a wat säi Wäert ass fir Mënsch a Klima, spiert ee seng Passioun fir dëse primäre Liewensraum, wéi hien dëst Stéck Natur nennt. A grad esou erlieft een dem engagéierten Naturschützer seng Roserei, wann en eis d’Bëschautobunne weist: iwwer 80 Kilometer op ronn 350 Hektar, ...ouni logesch Erklärung. Dofir mat onnatierleche Folien.