IwwerraschungBelsch Kinnekskoppel huet wärend Staatsvisitt eng Autospann

RTL Lëtzebuerg
Bei prominentem Besuch mussen Organisateuren ëmmer mat onerwaarte Virfäll rechnen, och am Grand-Duché.
Auto en panne
Dat Gefier, an deem déi belsch Kinnekskoppel dra sëtzt, huet eng Pann.

Datt den Oldtimer, an deem de belsche Kinnek an déi belsch Kinnigin zu Lëtzebuerg chaufféiert ginn, eng Pann géing hunn, huet awer wahrscheinlech keen erwaart.

En Dënschdeg de Mëtteg, nodeems déi belsch Kinnekskoppel de Grand-Duc Henri, eng Rëtsch Lëtzebuerger Politiker an Awunner an der Stad begréisst huet, huet hiert Gefier fir e kuerze Moment gestreikt. De Kinnek Philippe a seng Fra Mathilde hunn d'Situatioun allerdéngs mat Humor geholl. Sou och de Premier Xavier Bettel, deen dem Zeenario am Reen amuséiert nogekuckt huet.

Back to Top
CIM LOGO