Policeasätz vun de leschte StonnenËnnert anerem zéckt e Mann bei engem Sträit zu Ëlwen e Messer

RTL Lëtzebuerg
An de leschte Stonnen gouf d'Police ronn 40 Mol wéinst verschiddene Streidereien a Stéierunge geruff.

An de meeschte Fäll hätt sech d'Situatioun awer scho bei der Arrivée vun der Police op der Plaz berouegt oder wier kuerz drop op der Plaz gekläert ginn.

E Sonndeg den Owend géint 19 Auer goufen allerdéngs alkoholiséiert Persounen an engem Café an der Rue du Commerce zu Rodange gemellt, déi aner Cliente belästegt sollen hunn. Eng Policepatrull huet sech dunn op d'Plaz gemaach an huet déi zwee Männer no enger kuerzer Sich konnte stoppen. Béid haten effektiv däitlech Unzeechen, dass se alkoholiséiert waren an hu sech de Beamte géintiwwer och onkooperativ verhalen. Wéinst hirem Zoustand koume si no enger medezinescher Kontroll an Arrest.

Zu Beggen koum et dann nach zu enger Kläpperei tëscht enger Partie verschiddener Persounen. Eng Policepatrull huet sech op d'Plaz gemaach, déi dann och Verstäerkung geruff huet. Dono hat sech de Sträit der Police no séier opgeléist an d'Situatioun hat sech calméiert.

Festnam no Rebellioun géint Beamten

An der Nuecht op e Méindeg gouf d'Police wéinst engem Familljesträit zu Ëlwen geruff. Op der Plaz konnten d'Beamten dunn e Mann untreffen, deen däitlech Unzeechen hat, dass en ze vill Alkohol gedronk hat. Hien huet sech de Beamte géigeniwwer dann och extrem onkooperativ verhalen an huet souguer, bei de Beamten zou, e Messer gezunn. D'Police hunn de Mann awer kuerz drop iwwerwältegt kritt.

De Parquet gouf iwwert de Virfall informéiert an huet och dohier ordonéiert, dass de Verdächtege festgeholl gëtt. E Méindeg am Nomëtteg soll dëse virun den Untersuchungsriichter kommen.

Back to Top
CIM LOGO