Am Kontext vu Manifestatiounen oder Aktivitéiten, déi wärend der Schoulzäit organiséiert ginn an un där Schüler deelhuele wëllen, verweist de Schoulministère op déi aktuell Schoulgesetzgebung.
De Romain Nehs, Chef vum Service "enseignement secondaire": Laut der Schoulgesetzgebung mussen d'Elteren eng Dispense fir hir Kanner froen, soulaang dës nach mannerjäreg sinn an et ass och un den Elteren, ze jugéieren, ob dat Evenement wat da stattfënnt eng Absence an der Schoul wäert ass.
Leschte Freideg goungen déi Jonk op d'Stroossen. Si setze sech op déi Manéier fir de Klimaschutz an. Ugangs wollt de Ministère de Schüler, déi net an de Course waren, en "non--excusé" opschreiwe loossen. Duerno gouf dës Decisioun zréckgeholl.
De Romain Nehs: Dat ass esou, well am Ufank vun där Manifestatioun eben d'Organisateure guer kee Kontakt mat eis gesicht hunn a mir sinn eben dovunner ausgaangen, datt d'Organisateuren dat erëm souwéi bei där leschter Manifestatioun de 24. Mee als Akt géinge gesi vun "désobéissance civile" fir déi si ebe keng Excuse vum Ministère och wéilten.
Den nächste Freideg gëtt den Ierfgroussherzog Guillaume als neie Chef-Scout vereedegt. Fir datt d'Scoute kënnen un dëser Zeremonie deelhuelen, hunn d'Scoutsverbänn de concernéierte Schüler eng virgefäerdegt Excuse preparéiert.
Bei gréissere Manifestatiounen hätt de Schoulministère nach eng aner Méiglechkeet, fir de Schüler entgéint ze kommen.
De Romain Nehs: Wann dat sech elo ëm grouss Manifestatiounen handelt wéi um Freideg de Klimaprotest oder d'Sprangprëssessioun, also grouss national Evenementer sinn, da kann et scho sinn, datt de Schoulministère eng Recommandatioun un d'Schoule gëtt, fir d'Schüler fräizestellen.