AarbechtsministèreBeim Cactus sinn d'Kollektivvertragsverhandlungen op der Conciliatioun

RTL Lëtzebuerg
Déi 1. Sëtzung am Aarbechtsministere huet 3 Stonne laang gedauert. Et koum zu kengem Duerchbroch.
Cactus-Kollektivvertragsverhandlungen
Déi 1. Sëtzung am Aarbechtsministere huet 3 Stonne laang gedauert. Et koum zu kengem Duerchbroch.

Béid Säiten hunn hir Positiounen duergeluecht, d'Gewerkschaften erwaarde sech Entgéintkomme vun der Direktioun, wat och signaliséiert, awer net konkretiséiert gi wier.

Déi nächst Conciliatiouns-Ronn ass de 27. Februar, bis dohinner soll d'Cactus-Direktioun d'Syndikater kontaktéieren fir nei Proposen, heescht et vum OGBL.

D'Protestpiqueten, déi fir e Samschdeg viru verschidde Filialen geplangt sinn, gi bäibehalen. De gréisste Protestpiquet soll et virun der Belle Etoile ginn.

Back to Top
CIM LOGO