PersonalofbauBei Saint-Paul kënnt kee Sozialplang zustanen

RTL Lëtzebuerg
No der Annonce, dass beim Editiounshaus 80 Aarbechtsplaze sollen ewechfalen, gouf an de leschte Wochen a 7 Reuniounen iwwert e Sozialplang beroden.
© Archiv

Um Enn wier awer keen esou en Accord zustane komm, sou dass net méi spéit wéi e Méindeg e sougenannte "Protocole de non-accord" festgehale gouf, deen e Méindeg um Office national vun der Conciliatioun am Aarbechtsministère wäert deposéiert ginn. Vun den initial 80 Plazen, déi sollten ofgebaut ginn, géifen der awer ewell schonns 6 erhale bleiwen, schreift de Generaldirtekter vu Saint-Paul an enger E-Mail un iwwer 300 Concernéierter, déi RTL virläit.

Doranner heescht et och, dass d’Positioune vun de Gewerkschafte komplett onrealistesch an net ze finanzéiere wieren. Dofir wieren d’Verhandlungen och gescheitert.

Well och schonns e Protestpiquet annoncéiert gouf, deen no der Verhandlungsperiod soll sinn, géif ee mengen, dass d’Syndikater bewosst net op en Accord aus waren, ass ze liesen.

Et géif een déi ganz Situatioun bedaueren, an et wär ee weiderhi prett fir Verhandlungen, sou de Paul Peckels.

Dobäi hat den LCGB gëschter eng Reunioun mam Aarbechtsminister Dan Kersch, deen hinne geroden hätt, den Delai fir d'Verhandlungen e bëssen ze verlängeren. Ma fir d'Direktioun vu Saint-Paul wier dat awer keng Optioun gewiescht, wéi eis de Generaldirekter Paul Peckels confirméiert.

Eng Positioun, déi ee beim LCGB net versteet, ëmmerhi wieren zwou Woche fir e Sozialplang ze negociéieren immens kuerz, esou déi zoustänneg Gewerkschaftssekretärin Celine Conter: "Ech hunn awer och d'Erfarung gemaach, dass wann ee beim ONC, dem Office national de conciliation urifft a seet, kënne mir w.e.g. deen Delai – och wann en am Gesetz virgesinn ass – verlängeren, ass dat an der Rei? An ech hat de Fall, do sinn déi zwou Parteien sech eens ginn, dunn hu mir nach e puer Deeg dru gehaangen an dunn hate mir en Accord. An hei ass et eigentlech onméiglech an onverständlech, dass do wou den Aarbechtsminister d'Hand gereecht huet, dass do d'Direktioun absolut net mat op dee Wee gaangen ass."

Déi zoustänneg Gewerkschaftssekretärin Celine Conter

Wéi et schéngt, hu béid Parteien deemno e Stéck d'Vertrauen anenee verluer. D'Direktioun reprochéiert der Gewerkschaft zum Beispill, den Echec vun den Negociatioune provozéiert ze hunn. Ëmmerhin hätten si schonn e Protestpiquet fir no der Verhandlungsperiod organiséiert. D'Gewerkschaft erkläert dat allerdéngs domadder, dass een esou Aktiounen e bëssen am Viraus misst plangen, ma dass dës natierlech zu all Ament hätt kënnen annuléiert ginn.

Esoubal den Echec vun de Verhandlunge beim ONC gemellt ginn ass, bleiwen zwou Woche fir en Accord ze fannen.

PDF: Schreiwes LCGB

Back to Top
CIM LOGO