Abréch zu Diddeleng a Betteng op der MessBei kengem vun de Virfäll ass et den Abriecher gelongen, eppes ze klauen

RTL Lëtzebuerg
Déi 2 Onéierlecher haten definitiv keng Chance bei hire Versich, an Haiser anzebriechen.
© RTL

En Dënschdeg um 14 Auer gouf der Police eemol eng Persoun gemellt, déi doduerch opgefall, dass dës an enger oppener Fënster vun enger Wunneng zu Betteng op der Mess stoung, méi genee an der Route des Trois Cantons. De verdächtege Mann, dee mat Zäite vun enger Bewunnerin erwëscht gouf, huet sech dunn aus dem Stëbs gemaach.

Ma nëmmen eng Stonn méi spéit gouf den Déif an der rue du Kiem gemellt, dee sech op e Privatterrain geschlach huet an sech do duerch eng oppen Terrassendier Zoutrëtt an en Haus verschaaft huet. Hei ass den Abriecher du beim Duerchwulle vun den Tiräng gestéiert ginn an ass fortgelaf. Kuerz drop ass de Mann vun der Police gestallt ginn. De Mann koum doropshin op de Police-Büro a gouf protokolléiert.

E wéineg méi spéit, also géint 15.45 Auer, koum et zu Diddeleng zu engem weidere Versuch anzebriechen. An der Bierenger Strooss gouf hei en Abriecher vum Proprietär erwëscht, wéi dëse probéiert huet, duerch eng oppe Fënster anzebriechen. Virdrun hat de Bewunner Kaméidi héieren, dat, well d'Fënster futtigeschloe gouf.

Den Täter ass, nodeems en entdeckt gouf, a Richtung Gare fortgelaf. Eng Sich nom Verdächtegen ass ouni Resultat verlaf. Eng Plainte gouf opgeholl.

Back to Top
CIM LOGO