
Bei der Helpline vum ONE, dem Office national de l'enfance, sinn zanter der Chrëschtvakanz 60 Uriff eragaangen. Dat seet den Direkter vum ONE Gilles Dhamen am RTL-Interview. Dës Telefonslinn gouf en place gesat, fir Kanner, Jonker a Familljen z'ënnerstëtzen, déi Schwieregkeeten hunn, mat der Pandemie eens ze ginn.
Dat kann engersäits eng psychologesch Ecoute sinn. An deem Fall gëtt een un de CePAS weidergeleet, dee fir déi socio-psychologesch Ënnerstëtzung an de Schoulen zoustänneg ass. Den ONE hätt no engem Appell awer och schonn aner konkret Hëllefe kënnen ubidden, seet de Gilles Dhamen.
"Dass een Ënnerstëtzung a sengem Familljenalldag kritt huet, wann een iwwerfuerdert war oder wann ee Problemer hat, fir seng Famill z'organiséieren oder fir a senger Famill e reegelméissegen Dagesoflaf ze fannen an dat war schonn dann deementspriechend wichteg, dass mer do och konnten direkt eng Hëllef ubidden."
D'Hallschent vun de Leit, déi bis ewell op der Helpline ugeruff hunn, wieren Eltere gewiescht, déi sech iwwerfuerdert gefillt hunn, an entweder iwwer Telefon oder Doheem Ënnerstëtzung kruten.
"D'Hallschent vun deenen Appeller sinn Elteren, déi sech melle wéinst enger gewëssener Iwwerfuerderung an hirem Familljenalldag, sief et am Verhale vun hirem Kand oder, dass se keng richteg Äntwerten hunn oder keng Méiglechkeeten hunn, fir op d'Verhale vun hirem Kand z'äntweren, oder fir hiren Alldag z'organiséieren. An do bidde mir de Leit dann direkt eng Interventioun iwwer Telefon oder awer och, dass ee bei hinnen Doheem laanscht kënnt, fir längerfristeg mat hinnen ze schaffen."
Ma och Jonker hätten iwwert de Wee vun der Helpline Hëllef gesicht.
"E groussen Deel Logementsproblemer, wou Jonker op der Strooss waren, wou mer mat eise Partner vum "Refuge" oder mat engem Bon d'hébergement en urgence konnten hëllefe mat de Jugendherbergen. Dat war nach e gudden Deel an dann och nach en Deel, déi eng psychologesch Ecoute gebraucht hunn a wollte psychologesch Ënnerstëtzung kréien, déi da vum CePAS iwwerholl ginn ass."
Den Ament géifen 3 Leit all Dag den Telefon ophiewen. D'Helpline wier ëm d'Chrëschtdeeg an d'Liewe geruff ginn, fir den Accès op d'Zerwisser vum ONE a vum CePAS ze vereinfachen, erkläert de Gilles Dhamen.
"Dat däerf een elo net sou verstoen, dass et déi éischte Kéier war, dass mer dorop reagéiert hunn, mee mir hu mat eise konventionéierte Partner, awer och selwer, eis eegen Zerwisser, ware mer awer wärend där ganzer Pandemie vu Mäerz u ganz opmierksam op deem Punkt an et mierkt een elo einfach, wéi et fir jiddweree méi schwéier gëtt, gëtt et och fir Kanner a Jugendlecher a Famille méi schwéier, fir dat an der durée ze packen. An dofir maache mer och elo en zousätzlechen Invest, fir nach eng Kéier méi kloer ze maachen, wou ee sech hiwende kann."
D'Helpline vum ONE ass ee Volet vun der Campagne mam Numm "#act4support", iwwert déi soll séchergestallt ginn, datt elo an der sanitärer Kris besonnesch no de Schüler hirer mentaler Gesondheet a psychologesche Besoine gekuckt gëtt.
