
En éischten Accident gouf et tëscht Brouderbuer a Gilsdref, dat géint 7:30 Auer e Samschdeg de Moien. En Auto war hei an e Bus gerannt. D'Ekippen aus der Nordstad a vu Bettenduerf waren am Asaz, blesséiert gouf awer keen.
Direkt zwee Blesséierter gouf et da bei enger Frontalkollisioun géint 9:20 Auer tëscht dem Rollengergronn an dem Briddel. Wéi de CGDIS preziséiert, wieren hei zwou Persoune blesséiert ginn, dorënner huet eng aus dem Auto misste gebuerge ginn. D'Rettungsekippe aus der Stad a vu Koplescht, esou wéi de Samu hu sech ëm déi zwou blesséiert Persoune gekëmmert, wärend en Groupe de sauvetage animalier no zwee verletzten Hënn gekuckt huet.
Tëscht Hesper an dem Houwald war e Cyclist vun engem Automobilist ugestouss ginn. D'Ekippe vun Diddeleng an Hesper hu sech ëm de Blesséierte gekëmmert. Zwee Cycliste waren dann tëscht Siren a Conter gefall a goufe béid blesséiert. Hei goufen d'Rettungsdéngschter vu Réimech a Mutfert alarméiert. Béid Accidenter ware géint 10:15 Auer.