KongressBei der LSAP ginn Duebelspëtzte méiglech

Diana Hoffmann
An Zukunft wëll och d’LSAP mat Duebelspëtzte punkten an dat do, wou se an hiren Ae Sënn maachen.
LSAP hëllt d'Statuten-Ännerung un
Zu Walfer war e Méindeg den Owend en ausseruerdentleche Kongress vun der LSAP.

D’Reform vun de Statute gouf e Méindeg den Owend quasi unanime mat bal 240 Stëmmen am Centre Culturel zu Walfer ugeholl. Feststeet elo also, datt et d'nächst Joer bei der LSAP net nëmme méi ee Parteipresident wäert ginn, mee ëmmer och eng Parteipresidentin.

LSAP-Kongress/Reportage Diana Hoffmann

Domat wéilt een dat nach eng Kéier ënnersträichen, wat schonn an der Partei eng Realitéit wier. Nämlech d'Gläichberechtegung tëscht Mann a Fra. Och wann een den Ament nach misst gestoen, datt dës Realitéit méi duerch Chance, wéinst dem Noréckele vu Kandidatinnen, zustane komm ass, ewéi duerch aktiv Choixen. Duerch déi nei Reegelung, datt ee Mann an eng Fra sech de Poste vum Parteipresident deelen, soll dann d'Paritéit vu Mann a Fra och an Zukunft geséchert bleiwen.

Ma et gëtt nach eng Ännerung vun dësem Posten, wéi de Generalsekretär Tom Jungen ënnersträicht: "Do proposéiere mir d'Ouverture, datt mat dëser Statuten-Reform an Zukunft ee vun deenen 2 Presidenten däerf Member vun der Regierung sinn. Deen aneren awer allerdéngs och weiderhin net. A grad sou hale mer d'Incompatibilitéit mam Fraktiounspresident bäi."

Déi nei duebel Parteispëtzt wäert dann um nächsten uerdentleche Kongress Ufank d’nächst Joer gewielt ginn. Ma och op anere Plaze wëll d'LSAP jeeweils op 2 Kandidate sëtzen, wéi den Tom Jungen weider erkläert: "Do dernieft proposéiere mer dem Kongress, zousätzlech eis Statuten esou unzepassen, dass mer eis d'Méiglechkeet gi vun duebele Spëtzekandidaturen. Dat haaptsächlech bei Chamber- an Europawalen, awer och indirekt bei de Gemengewalen."

Och hei wëll een zwar proposéieren, datt et soll ëmmer e Mann an eng Fra sinn. Et wier awer keng Mussesaach. Um Poste vum Vizepresident gëtt dann dogéint awer erëm gespuert. Dëse soll net méi vun 2 Persoune besat ginn, mee just nach vun enger.

Bei de Wuertmeldungen huet dann d'Ministesch Taina Bofferding erkläert, wisou si d'Duebelspëtzten eng gutt Saach fënnt: "Gedeelte Responsabilitéit ass e gudde Message, dee mer no bausse kënne ginn. Domat  kënne mer eis méi breet opstellen a mer vermëttelen, datt et ons wichteg ass, datt verschidden Decisioune solle méi zesumme geholl ginn."

Iwwer 40 Joer ass et dann iwwregens ewell hier, datt eng Fra d'Parteileedung bei der LSAP hat, dat an der Persoun vum Lydie Schmit. D'nächst Joer wäert sech dat da wuel awer erëm änneren, op d'mannst iergendwéi hallef.

Back to Top
CIM LOGO