Sécherheets-IncidentBei Cerba, engem Partner-Laboratoire vu Ketterthill, goufen Date geklaut

RTL Lëtzebuerg
Dat deelt Ketterthill op sengem Internetsite mat a schwätzt vun engem Sécherheets-Incident.

Verschidden Analysen, déi Ketterthill tëscht Januar 2017 a Juni 2021 bei Cerba geschéckt huet, kéinte betraff sinn, et geet ëm d'Nimm vun de Leit an ëm d'Resultater, net ëm Bankdonnéeën, gëtt präziséiert.

Et gouf am Frankräich Plainte gemaach a Ketter-Thill huet zu Lëtzebuerg d'Dateschutz-Kommissioun informéiert.

Back to Top
CIM LOGO