
Ee vun den zwee Automobiliste gouf mat engem Messer blesséiert, den Täter huet sech kuerz dono aus dem Stëbs gemaach. Den Auto, an deem den Täter fortgefuer ass, war e schwaarze VW mat franséische Placken.
Eventuell Zeien si gebieden sech bei der Police vun Dikrech/Veianen ze mellen, dat um (+352) 244-80-1000.