
Hannergrond vum Problem ass, dass de Camping an enger Natura-2000-Zon läit an d'Zelt e grousst Gastronomie-Zelt vu 15 op 25 Meter ass.
Den neie Proprietär wollt de Restaurant um Camping erëm nei opmaachen. Allerdéngs ass him do d'Héichwaasser vu Mëtt Juli dertëscht komm, esou dass d'Ouverture ëm ronn 2 Méint no hannen huet musse geréckelt ginn. Well awer scho Personal fir de Restaurant engagéiert gouf, huet de Proprietär Roy Reding decidéiert, e gréissert Zelt ze lounen, an do fir op d'mannst déi zwee Méint e provisoresche Restaurant dran opzemaachen, wéi hien am RTL-Interview erkläert.
„Dat war geduecht, ab initio fir déi zwee Méint z'iwwerbrécken. Dunn ass de Fierschter op d'Plaz komm a sot, wann s du dat méi laang wëlls stoe loossen, dann hues du besser, du frees eng Autorisatioun. An dat hunn ech du gemaach, ech hunn en E-Mail gemaach un den Ëmweltministère a gesot, mir maachen dat elo, et ass e Versuch. Wann dat gutt klappt, kënne mir et dann eventuell méi laang stoe loossen?"
Op déi E-Mail hi koumen dunn déi zoustänneg Beamten op d'Plaz kucken an hu festgestallt, dass d'Festzelt vum Här Reding laut dem Naturschutzgesetz eng net autoriséiert Konstruktioun an der Gréngzon wier an hunn dofir eng Fermeture de chantier ordonéiert. An effektiv hat de Proprietär am Virfeld keng Autorisatioun fir dëst Zelt ugefrot an dat obschonn him bewosst war, dass säi Camping an enger Natura-2000-Zon läit.
„Jo selbstverständlech. Mä op där anerer Säit muss ee soen, et ass e bëssen eng droleg Situatioun, dass e Camping, deen esou laang scho besteet, an eng Natura-2000-Zon klasséiert gëtt. Mir leien ënnert der Autobunnsbréck vu Mamer, niewendrun ass déi grouss Kläranlag vu Mamer, déi och an där selwechter Zon läit. Asoufern kënnt dat mir ganz droleg vir, dass een dann op engem Camping net soll däerfen en Zelt opriichten."
Géint de Baustopp huet den Affekot vum Roy Reding dann elo och Recours ageluecht. Well d'Zelt awer scho stoung wéi dat ordonéiert gouf, well een et dann elo och wéi geplangt notzen. Vum Ëmweltministère heescht et iwwerdeems, dass ee meeschtens géif probéieren, eng Solutioun ze fannen, wann esou eng Demande am Virfeld erakéim. Ma wa bis Fakte geschaaft gi wieren, déi géint e Gesetz verstoussen, wier dat natierlech net méi méiglech.
An obschonn d'Fermeture vum Chantier am Fong bedeit, dass och am Zelt bannendran näischt weider dierf verännert ginn, wëll de Roy Reding säi provisoresche Restaurant e Freideg den Owend aweien.