Dreckbrems viru VeianenBarrage kéint Schlëmmeres verhënnert hunn

Jeannot Ries
Zanter e Méindeg gëtt uewen un der Staumauer mat schwéierem Geschier geraumt. Op iwwer engem Hektar ass den Ament kee Waasser méi z'erkennen.
De Barrage viru Veianen als Drecksbrems
Zanter e Méindeg gëtt uewen un der Staumauer mat schwéierem Geschier geraumt. Op iwwer engem Hektar ass den Ament kee Waasser méi z'erkennen.

De leschten Donneschdeg gouf zu Veianen mat enger gewëssener Suerg op d'Staumauer vun der Our gekuckt. D'Fro huet sech gestallt, ob duerch déi enorm Reenmassen, déi gefall sinn, do net eng Klapp misst opgemaach ginn, fir Waasser oflafen ze loossen. Et koum awer net dozou. An um Enn huet de Staudamm d'Uertschaft souguer nach geschützt.

Zanter e Méindeg gëtt uewen un der Staumauer mat schwéierem Geschier geraumt. Op iwwer engem Hektar ass den Ament kee Waasser méi z'erkennen - just nach Krëppeng. D'Our, déi an de Belschen Hautes Fagnes entspréngt a spéider d'Grenz mat Däitschland mécht, huet Tonnen un Dréck ugespullt. Vu Bamstämm bis ganz Roulotten. Offall, deen elo d'Mataarbechter vun der SEO virun eng Sisyphusaarbecht stellt.

D'Kraaft, mat där d'Waassermassen de ganze Krëppeng widder d'Staumauer gedréckt hunn, bréngt mat sech, datt den Dreck dës Kéier besonnesch Kompakt ass. Plazeweis ass d'Couche ee Meter déif. Do kënnt och de Schlappes un d'Dämpen - e speziaalt Boot, wat den Dréck iwwer e breet Band aus dem Waasser zitt. Donieft gëtt och nach e Kran agesat. Ma sou wéi d'Ekippe vun der SEO den Ament weiderkommen, wäert et nach zwou bis dräi Wochen daueren, iert de kënschtleche Séi nees fräi gebaggert ass. Aarbechten, déi eleng hei un der Our och ferm an d'Käschte schloen.

"Dat lescht Héichwaasser, wat mer vun där Form haten, do hu mer 100.000 Euro ausginn, eleng fir ze entsuergen. Dat ware reng d'Fraisen, just fir de Buttek op der Deponie lass ze ginn", sou de Luc Reinig, Directeur d'Exploitation vun der SEO.

Eng Aarbecht, déi och net ongeféierlech ass. Virop vun de Campinge laanscht d'Our goufe vill Gasfläsche mat gespullt. Wou kee weess, ob se voll oder eidel sinn. Donieft goufen nach Tonnen un anerem Dreck hei an der Entrée vu Veianen opgehalen.

"Mir hätte warscheinlech u gudden Deel virun der Bréck zu Veianen erëmfonnt. Wann een an Däitschland kuckt, wéi verschidde Brécken an e Koup gefall sinn, wann eng Roulotte drun hänke bliwwen ass, denken ech, datt mer hei laanscht eng Katastroph komm sinn, dank der Mauer", sou de Luc Reinig weider.

Eng Mauer, e Barrage, déi indirekt geréng Quantitéiten u Waasser späichere kënnen. Andeems es zum Beispill erop op den Niklosbierg an den ieweschte Baseng gepompelt gëtt. Fir de Rescht leeft d'Our u sech just duerch de Barrage.

Back to Top
CIM LOGO