
Kuerz virun hallwer néng en Dënschdeg den Owend stoung zu Beetebuerg an d'Rue Michel Hack eng Kichen a Flamen. Blesséiert gouf heibäi keen. D'Diddelenger an d'Beetebuerger Pompjeeë waren op der Plaz.
Zu Esch an der Avenue des Terres-Rouges huet een Auto gebrannt.
Zu Viichten huet um Dënschdeg een Auto gebrannt. D'Pompjeeë kruten d'Situatioun allerdéngs séier an de Grëff, sou dass e gréissere Schued konnt evitéiert ginn. Wéi et vun der Police heescht, wier Brandstëftung net ausgeschloss. De Miess- an Erkennungsdéngscht gouf op d'Plaz geschéckt. E Mëttwoch de Moien um 7.10 Auer huet deen nämmlechten Won zu Colmer-Bierg an der Rue de l'industrie nees gebrannt.
Eng weider Kéier hunn d'Pompjeeë géint 1 Auer an der Nuecht missen zu Suessem an der Industriezon Gadderscheier intervenéieren, well hei en Tapis roulant Feier gefaangen hat. Pompjeeën aus am ganze 6 Asazzenteren aus der Géigend waren am Asaz.
Den 112 mellt fir de Mëttwoch de Moien dann och nach zwee Accidenter. Zu Nidderaanwen an der Rue de Mensdorf gouf eng Persoun géint 7.30 Auer ugestouss a verwonnt.
Op der A13 tëscht Altwis a Fréiseng si kuerz virun 10 Auer 3 Ween kollidéiert. Hei sinn 2 Blesséierter ze notéieren.