ULCBancomate sollen erhale bleiwen an d'Offer souguer ausgebaut ginn

RTL Lëtzebuerg
Dat verlaangt de Konsumenteschutz an engem Communiqué.

De Finanzminister Pierre Gramegna hätt zwar zougesot, datt keng Limitatioune beim Bezuele mat Boergeld virgesi wieren. Ma da misst awer och assuréiert sinn, datt een nach Boergeld kritt. Bei der ULC géinge sech ëmmer méi Leit mellen, déi sech driwwer opreegen, datt där Bancomate géinge verschwannen, se géingen zesumme mat Bank- a Postfilialen zougemaach ginn.

Grad fir eeler Leit, déi virun der Digitaliséierung géinge kapituléieren, wier Boergeld wichteg, sou de Konsumenteschutz.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO