
De Virfall ass an der Zone Industrielle Jongebësch geschitt. D'Explosioun war esou gewalteg, dass de Bancomat aus der Verankerung gerappt gouf a Stécker vun der Fassad e puer Meter wäit geflu sinn. Et gouf vill Schued um Gebai. De Parquet huet eng Enquête ordonnéiert.
D'Police freet no Zeien. Wiem ass tëscht 23 Auer e Méindeg den Owend a 6 Auer den Dënschdeg de Mueren eppes Verdächteges an en Audi RS6 am Raum Réimech opgefall? All Informatioune si fir den 113.