KonsdrefBallon fänkt Feier no Landung, 3 Persoune blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Dat melle Police an 112 e Sonndeg de Moien.
© afp

Geschitt ass de Virfall an der Rue Kuelscheier, 3 Mënsche goufe blesséiert. Op der Plaz ware d'Asazekippen aus der Fiels, Iechternach a Konsdref. Geschitt war de Virfall e Samschdeg den Owend géint 20.20 Auer. De Ballon hat no der Landung Feier gefaangen. Déi 3 Persounen, déi am Ballon waren, konnte selwer erausklammen, 2 Persoune hu sech verbrannt, eng Persoun koum an d'Spidol.
Am Lokale mellt de CGDIS dann nach e Motocyclist, deen e Samschdeg den Owend géint 19 Auer um CR121 an der Géigend vum Mëllerdall gefall ass an dobäi blesséiert gouf.

Zwee Mol hunn d'Pompjeeë missen ausrécke wéinst Méidrescher, déi an engem Feld gebrannt hunn. Eng Kéier géint hallwer 7 bei Mënjecker an eng Kéier kuerz no hallwer 9 bei Dikrech. A béide Fäll gouf awer kee Mënsch blesséiert.

An op der A4 a Richtung Stad ass géint 21 Auer e Samschdeg den Owend eng Persoun mat hirem Gefier an d'Leitplanke gaangen a gouf dobäi blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO