Radar beim Chantier "Goussel"Bal 2.000 Leit goufen an enger Woch geblëtzt

RTL Lëtzebuerg
Zënter dem 12. August 2019 ass den Tunnel "Gousselerbierg" op der A7 jo deels fir den Trafic gespaart an e Radar gouf beim Chantier opgestallt.
© RTL Mobile Reporter

D'Radar-Remorque am Gousseler Tunnel huet bannent enger Woch schonn 2.000 mol geblëtzt. Dat deelt d'Police mat.

Wéi vun Ufank un annoncéiert gouf, gëtt wärend de Maintenance-Aarbechten um Tunnel d'Vitesse vun engem mobille Radar gemooss. Am Gousseler Tunnel geet et jo am Moment bidirektional duerch een Tube. D'Vitesse selwer ass jo hei op der Plaz op 70km/h limitéiert. D'Automobiliste ginn och mat Panneauen a béid Richtungen op de Radar opmierksam gemaach.

Zënter deem de Radar do steet, goufen elo scho bal 2.000 Infraktioune konstatéiert. D'Police a Ponts et chaussées erënneren dohier nach eemol drun, op dëser Plaz virsiichteg ze fueren an sech och un déi festgesate Vitesse ze halen.

Vum 28. August un, wäerten d'Aarbechten dann am aneren Tube vum Tunnel ufänken. D'Aarbechte sollen de 15. September op en Enn kommen.

Back to Top
CIM LOGO