Alters- a FleegeheemerAwunner a Mataarbechter musse léieren, mam Virus ze liewen

Christophe Hochard
Déi leschte Wochen a Méint waren net einfach fir déi eeler Leit an Alters- a Fleegeheemer. Et huet gegollt, si virum neie Virus ze schützen.
Situatioun an Alters- a Fleegeheemer
Déi leschte Wochen a Méint waren net einfach fir déi eeler Leit an Alters- a Fleegeheemer. Et huet gegollt, si virum neie Virus ze schützen.

"Bleif doheem" huet et och fir si geheescht. Elo versicht een, och nees méi Alldag an dës Haiser ze kréien. Déi sozial Kontakter sinn nämlech och fir eeler Leit wichteg.

Déi eeler Leit waren an Alters- a Fleegeheemer isoléiert an hate kee physesche Kontakt méi no baussen. Eng schwéier Zäit, déi bei ganz ville Mënschen op d'Moral gedréckt huet.

Et gëllt, dës Kollateralschied a Grenzen ze halen. D'Leit ze responsabiliséieren an hinnen en Deel Fräiheet zréckzeginn. Elo misst all eenzelt Alters- a Fleegeheem kucken, wéi si déi nei Mesuren ëmsetze kann, ouni dobäi Gefor ze lafen, de Virus an d'Haus ze kréien.

Eppes iwwer 5.700 Better ginn et am Ganzen an Alters- a Fleegeheemer zu Lëtzebuerg. Op den haitegen Dag sinn nach 11 eeler Leit vum Coronavirus betraff. 135 Mënsche gëllen als geheelt a 36 Persounen sinn an Altersheemer wéinst oder mam Covid-19 gestuerwen.

Eraus an de Park spadséiere goen, eng Taass Kaffi drénken oder akafe goen. De soziale Kontakt fir Mënschen am Alter ass enorm wichteg.

Nom "Bleift doheem" sollen elo och d'Awunner an d'Mataarbechter aus Alters- a Fleegeheemer léieren, mam Coronavirus ze liewen.

Back to Top
CIM LOGO