23 Joer no engem 1. Haus an der Stad an 3 Joer no engem zweeten zu Ettelbréck ass am Abrëll zu Esch en 3. „Impuls“ hei am Land opgaangen, an deem jonk Drogeconsommateure vun 13 bis 21 Joer Hëllef kréien. E Freideg war an der Minettmetropol déi offiziell Aweiung dovun.
Zanter 1997 gouf sech bei Impuls ëm eng 8.000 jonk Drogeconsommateure bekëmmert. An där neier Antenn an „Al Esch“ sinn de Moment 3 Psychotherapeuten aktiv, an hinnen dierft d'Aarbecht net ausgoen: Schliisslech si 40 Prozent vun den Impuls-“Clienten“ aus dem Süde vum Land. Dofir wär et wichteg gewiescht, eng Presenz am Minett ze hunn, sot e Freiden de Chargé de direction René Meneghetti. Et wéilt ee méi no bei deene Leit sinn, déi opfälleg gi mam Konsum vu legalen oder illegalen Drogen, hiren Elteren, an deenen op der Plaz eng Ënnerstëtzung ginn.“
Wéinst COVID-19 wär am Abrëll, wéi d'Diere vum Escher Impuls opgoungen, net vill gelaf, vu Juli u wär méi Aktivitéit notéiert ginn an zanter der Rentrée wär ee voll am Jumm. Et goufen nämlech scho 50 Jonker, mat hire Familljen, en charge geholl:
„Eis Populatioun geet jo vun 13 bis 21 Joer, an dat heescht, déi Meescht sinn nach am Lycéesalter, sinn nach doheem a ginn och doheem opfälleg oder dann eben an der Schoul oder, jee nodeem, am ëffentleche Raum, bei der Police, an da gi se iwwert de Parquet bei eis geschéckt!“
50 Leit wär vill, mä nach am grénge Beräich. Dogéint wären 3 Psychotherapeute fir d'Prise en charge e bësse just:
„Ideal wär, wa mer 6 Leit hätten, fir méi an der primärer Preventioun, dat heescht an de Schoule selwer, aktiv ze ginn!“
E feste Bestanddeel vun der Aarbecht wär nämlech, fir Enseignantë fit ze maachen am Ëmgank mam Konsum vu legalen an illegale Substanzen:
„Do hu mer ee Modell ausgeschafft, deen heescht Grille d'intervention, wou mer eben da schonn a 17 Lycéeën implementéiert hunn, fir dass d'Schoul handlungssécher ass am Ëmgang mam Thema Konsum vun Drogen, legal oder illegal. An dat gëtt natierlech och eng Sécherheet fir Elteren, an natierlech fir Schüler, wann ech an esou ee Lycée ginn an ech weess: Déi hunn e Plang, wéi mer elo mat deene Situatioune kënnen ëmgoen!“
Et bitt een donieft och Laangzäittherapien am Ausland un, "...wou se dann och an der Therapie selwer hire Sevrage maachen, an net nach hei op eng Sevrageplaz an engem Spidol waarde mussen. Dat hänkt natierlech ëmmer vum Accord vun der CNS of!“
E Constat vum Chargé de direction vun Impuls ass deen, dass d'Clienten an der Haaptsaach opfälleg ginn duerch de Konsum vu Cannabis:
„An do ass eis eben opgefall, säit déi Legalisatiounsdiskussioune waren, dass an eiser Populatioun de Konsum bei deene méi Jonken - also sou 13-, 14-, 15-Jäereger - ugestigen ass. Mir hate soss an der Zäit eng Populatioun vu 4 bis 6%: Elo si mer bei 14%!“
Dem René Meneghetti no krite seng Leit dacks gesot: „Et gëtt jo souwisou legaliséiert!“ Virun deem Hannergrond wär eng gutt Preventiounsaarbecht ze maachen, ier een an d'Legalisatioun eragoe géif.