
Wéi d'Lëtzebuerger Wort um Samschdeg schreift, hätt ee vun engem Spriecher gesot kritt, d'Ermëttlunge wieren nach net ganz ofgeschloss, ma d'Autopsie an aner Elementer géifen net op eng Friemawierkung hindeiten.
Den 23. Juli war e Mann, deen an der Géigend vun der Gare alkoholiséiert vun der Police matgeholl gouf, aus bis ewell net gekläerte Grënn a senger Zell gestuerwen.