Kuerz virun 1 Auer e Sonndeg de Moien huet eng Autosfuererin op der A6 tëschent Mamer/Kapellen a Briddel/Stroossen grad e Camion iwwerholl, wéi si e Foussgänger ze pake krut. De 34 Joer ale Mann gouf iwwert d'kalifornesch Mauer op déi aner Säit vun der Autobunn geschleidert. Hien huet den Accident net iwwerlieft. Der Autosfuererin ass näischt geschitt, och wann hiren Auto schwéier beschiedegt gouf.
D'Police ermëttelt elo, wéi et zum Accident konnt kommen. De Miess- an Erkennungsdéngscht war op der Plaz. D'Autobunn war nom déidlechen Tëschefall a béide Richtunge fir de Verkéier gespaart ginn.